De Wochenausbléck: Virun allem déi zweet Hallschent gëtt ongemittlech

Wéi gëschter schonn kuerz ugemierkt, steet eis net grad déi agréabelst Woch un. En allgemengen Iwwerbléck fannt Dir an dësem Artikel.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut a muer leie mir nach ënner geréngfügegem Héichdrockafloss, deen sech ëmmer méi an de Mëttelmierraum zréckzitt. Spéitstens an der Nuecht op e Mëttwoch dréckt e Frontesystem eran, deen eis groussflächege Reen op Lëtzebuerg bréngt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Et markéiert den Ufank vun enger méi onbestänneger Zäit, déi op alle Fall mol bis de Weekend mat wäert unhalen. Just heiansdo si mol méi frëndlech Momenter mat Sonn ze erwaarden.

De Verlaf

Mir starten de Méinde mol nach plazeweis mat Gefisems, duerno awer gëtt et tendenziell manner naass iwwerdeems et meeschtens bedeckt bleift. D’Temperature klammen haut net iwwer 6 bis 10 Grad eraus. De Wand ass och spierbar ënnerwee, et ass mat Spëtzte vu 50 km/h ze rechnen. Méi naass gëtt et muer, do ass de Fisemreen nämlech erëm en Tick méi warscheinlech – och eenzel Schauere kënne sech dann mol drënner mëschen bei 7 bis 9 Grad. An de Spëtzte packt et de Wand op 60 km/h. Den eigentlechen Ëmschwong erliewe mir dann am Laf vun der Nuecht op e Mëttwoch.

Zumools vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Mëttwoch un kënnt e Frontesystem eran, deen eis groussflächege Reen bréngt. Dëse Reen zitt sech iwwert de ganze Mëttwoch, ier dann um spéidere Mëttwochowend de nächste Reen an de Startlächer steet. D’Temperature si bei tëscht 7 an 10 Grad am Dag ënnerwee. Fir de Rescht vun der Woch, inklusiv dem Weekend, gëtt et ëmmer erëm naass. D’Temperature beweege sech tëscht 8 an 12 Grad, just heiansdo ass e sonnege Moment dran.