Am Laf vum Dënschde mëscht sech erëm lues a lues héije Loftdrock an, deen awer net all ze laang hält. En Donneschde geet d’Déifdrockaktivitéit an d’Luucht, an den Deeg drop si Schnéischaueren an och e stiermesche Wand méiglech.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Haut um Méinde beaflosst eis en Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem skandinavesche Raum läit. D’Okklusiounsfront dovun bréngt eis vill Wolleken an doduerch och ëmmer erëm Reen, deen awer meeschtens vu liichter Intensitéit ass. Bis muer de Mëtten ännert sech net vill un dësem Afloss, ier a Richtung Owend vu Westen hier Héichdrockafloss an d’Spill kënnt. Dësen Héichdrockafloss bleift nach bis an de spéidere Virmëtte vum Donneschde bei eis, duerno kann et zu engem méi dynameschen Ëmschwong kommen.
Déi aktuell Modeller berechnen eng Kalfront, déi vun engem gréisseren Déif ausgeet, wat westlech vu Skandinavien läit. Soubal d’Kalfront vun dësem Déif duerch ass, kéint fir de Weekend selwer d’Dier fir e weidert markant Déif opgemaach ginn, wat nieft dem Potenzial fir e bësse Schnéi och mol e stiermesche Wand kéint mat sech bréngen. Opgrond vun der Dynamik wier dat awer op e Neits keng nohalteg wanterlech Entwécklung.
De Verlaf
Haut um Méinden bleift den Himmel gréisstendeels gro an et ass mat weiderem Reen ze rechnen, just mat Chance kéint sech am Laf vum Nomëtte kuerz mol d’Sonn duerchdrécken. D’Temperature packen et op 7 bis 10 Grad, an der Nuecht gi se op 2 bis 5 Grad zréck. Weider Nidderschléi vu meeschtens schwaacher Natur sinn ze erwaarden. En Dënschde selwer gëtt et vum Virmëtten un ëmmer méi dréchen, wa net esouguer éischter, dat bei 4 bis 8 Grad. Zumools a Richtung Nomëtte kann d’Sonn och mol luusse kommen. An der Nuecht op e Mëttwoch kënnt duerch den héije Loftdrock och erëm d’Warscheinlechkeet vu Niwwel an d’Spill, déi sech och iwwert de Mëttwoch dagsiwwer zitt. 2 bis 4 Grad si nach dran.
En Donneschdemoie gerode mir erëm ënner Déifdrockafloss. Fir d’éischt gräift eng Waarmfront op eis iwwer, déi am Ufank eventuell och déi eng oder aner Flack kéint am Gepäck hunn, ier d’Loftmass ze mëll gëtt. No enger Paus vun e puer Stonne steet eis viraussiichtlech um Owend eng markant Kalfront un, un där et zu kräftegem Reen an och engem stramme Wand ka kommen. E Freidemëtte wiessele sech Sonn a Wolleken of, et bleift gréisstendeels dréchen – duerno ginn déi grouss Onsécherheeten un:
Den amerikanesche Modell gesäit um Samschdemëtten eng weider Kalfront duerchzéien, déi fir eng uerdentlech Ofkillung suergt. Esou wiere vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Sonnden un ëmmer méi oft Schnéischaueren ze erwaarden, déi sech bis an de Sonndenowend era kënnen zéien. Den europäeshce Modell gesäit schonn an der Nuecht op e Samschden déi éischt Schnéischaueren op de Koppen am Norden, iwwerdeems et e Samschden iwwer meeschtens awer géif kräfteg reenen. An der Nuecht op e Sonnde kann eis e kräftegt Déif nërdlech passéieren, duerch dat mir erëm Schnéischaueren ze erwaarden hätten – deemno wéi gekoppelt mat engem stiermesche Wand.
Egal wéi eng Léisung et géif ginn, wier d’Resultat e méi wanterlecht. Nach ass dëst awer just eng Moment-Opnam, ofwaaren ass ugesot.