De Wochenausbléck: Vun der zweeter Hallschent u méi variabel & méi mëll

Nach leie mir ënner Héichdrockafloss, wat sech am Laf vun der Woch awer wäert änneren. Obwuel et méi wollekeg gëtt, klammen eis Temperaturen doduerch awer e gutt Stéck.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Momentan leie mir nach ëmmer ënner Héichdrockafloss, deen sech vun der Nordséi hier op enger dënner Sträif bis an de Südoste vum Kontinent erstreckt. Zur selwechter Zäit dréint sech iwwert dem nordwestleche Russland ëmmer nach en Déifdrockgebitt mat engem zolitten Abroch vu polare Loftmassen (Arctic Outbreak), deen haut a muer mol nach e ganz geréngfügegen Afloss op déi mëttel- a westeuropäesch Länner huet.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse fir dës Woch | Animatioun: wxcharts.com

Zumools vum Donneschden un gëtt eisen Héichdrockafloss an den Oste vun Europa verdrängt, iwwerdeems vum Atlantik hier déiwe Loftdrock erandréckt. D’Konstellatioun, déi doduerch entsteet, suergt dofir, dass mëll Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa ugezaapt ginn. Et gëtt doduerch zwar méi wollekeg an d’Warscheinlechkeet vu geleeëntlechem Reen klëmmt, an awer klammen eis Temperaturen doduerch.

De Verlaf

Haut um Méinden huet sech de Niwwel net konnten duerchsetzen, wat mir un der wuelverdingtener Sonn gemierkt hunn. De Moie fréi gouf un der ASTA-Statioun zu Breedelt e Minimum vu -9°C gemooss, an der Nuecht op en Dënschde kann et punktuell op e Neits op bis zu -8°C ofkillen. Muer um Dënschden erwaart eis e weidere frëndlechen Dag mat Sonn oder just e puer Wolleke, wa sech de Niwwel opgeléist kritt. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 0 a 5°C- et hänkt halt eben erëm villes dovun of, wéi sech de Niwwel wierklech verhält. Vum Mëttwoch u gëtt et generell méi wollekeg, et wäert dobäi awer dréche bleiwen. D’Temperature packen et op 2 a 5°C. En Donneschde si weiderhi Wolleken ënnerwee, zäitweis ka sech d’Sonn weisen. A Richtung Owend klëmmt vu Westen hier d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi bei 6 bis 10°C als Maximalwäert.

Vum Freiden u sollen eis ëmmer erëm e puer Frontesystemer, déi vum Atlantik hier kommen, wéinstens sträifen. Eenzel Nidderschléi wieren domat net ausgeschloss, wärend et awer meeschtens just zu méi Wolleke sollt kommen. E Freide selwer si Maximalwäerter vun tëscht 10 an 13°C dran, deels och driwwer. E Samschde wieren et 7 bis 11°C an e Sonnde nëmme liicht manner. Zäitweis sinn och méi lëfteg Entwécklunge net ausgeschloss.