De Wochenausbléck: Wanterlech kill bis e Samschden, duerno erëm méi waarm

Muer de Mëtte gi lokal nach eng Kéier bis zu 10°C erreecht, ier et am Laf vun de Stonne séier méi kill gëtt. Dës wanterlech Phas zitt sech bis e Freiden inclus, ier et méi waarm gëtt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser neier Wiederowch hu mir schonn bal “ongewinnt” vill Beweegung am Spill – op d’mannst wa mir se mat de vergaangene Woche vergläiche, wou net wierklech vill lass war. De Grond dofir ass deen, dass mir ënnert engem gréisseren Déifdrockkomplex leien, deen ëmmer erëm méi kleng Déifer an eis Géigende schéckt.


De Verlaf vun de Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Vum Dënschdenomëtten u gerode mir op d’Récksäit vun esou engem Déif, wouduerch kal/polar Loftmassen an eis Géigende kommen. Domat kann et eng éischt Kéier dës Saison wanterlech ginn, wat sech e Samschden awer schonn erëm soll änneren.

De Verlaf

Haut um Méinden ass et zimmlech gro a naass, aktuell ginn Temperature vun tëscht 4 a 7 Grad gemooss. An der nächster Nuecht pendele sech d’Wäerter tëscht 3 an 8 Grad an, vu Westen hier gëtt et ëmmer méi naass a lëfteg. Muer um Dënschde bleift et staark bedeckt a reenereg, duerch eng kräfteg Kalfront sinn och méi staark Nidderschléi méiglech. Zumools tëscht dem Virmëtten an dem Nomëtte kënne Stuermstéiss vun tëscht 75 a 85 km/h optrieden, zumools falls sech ënnert der Front e méi kräftegt Schauersegment sollt forméieren. Zur selwechter Zäit kënnen tëscht haut den Owend 22 Auer a muer den Owend 22 Auer besonnesch laanscht de Westen deels warnrelevant Reenzommen zesummekommen – dozou awer an engem separaten Artikel méi. D’Temperature klammen op bis zu 10 Grad, a Richtung Owend schaffe se sech awer op de Gefréierpunkt duer. An der Nuecht kann et op de Koppe lokal schneien.

Vum Mëttwoch bis e Samschde ginn et keng grouss Ännerungen. An de Nuechten a Moiesstonne leien d’Temperature mol méi a mol manner déif am Minus, dagsiwwer kënnt et héchstens spontan zu lokale Schnéischaueren. Nennenswäert Quantitéite si net ze erwaarden. Am Laf vum Samschde gëtt et ëmmer méi mëll, spéitstens fir e Sonnde ginn aktuell erëm bis zu 10 Grad am Dag berechent.