De Wochenausbléck: Wanterlechen Temperaturverlaf, méi strenge Frascht net ausgeschloss

An der neier Wiederwoch leie mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vu wanterlech kille Loftmassen, zäitweis kann den Thermometer och méi wäit an de Minus goen.

D’Grousswiederlag

D’Woch iwwer gi mir vun engem Déifdrockgebitt dominéiert, wat mat sengem Zentrum iwwert dem nërdlechen Europa hin an hier wobbelt. Duerch seng Beweegung géint d’Auer ginn ëmmer erëm zimmlech kill Loftmassen aus dem héije Norden ugezapt, déi e weiderhi wanterlecht Bild zouloossen.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

D’Temperature wäerte sech also op alle Fall a Grenzen halen – doriwwer eraus kënne sech duerch e puer kleng Déifer déi sech niewebäi forméieren och Optiounen op Schnéifall opdinn, tendenziell an der zweeter Wochenhallschent.

De Verlaf

Wa mir den Dag vun haut hannert eis hunn, erwaart eis um Dënschden e meeschtens dréiwen Dag. Aus aktueller Siicht gesinn kënne bis an de fréie Virmëtten eran e puer Flacke net ausgeschloss ginn, haaptsächlech op den héchste Koppe vum Land. D’Temperature starte bei tëscht -2 an 2 Grad a wäerten de ganzen Dag laang net aus dësem Beräich erauskommen. Just mat ganz vill Chance ass e sonnege Moment dran. Fir d’Nuecht op de Mëttwoch rechnen d’Modeller mat tëscht -6 a -3 Grad – et kéint also nach e gudden Tick méi fraschteg dobausse ginn. Um Mëttwoch selwer bleift et weiderhi meeschtens dréif, dotëscht si ganz schwaach Nidderschléi a Form vu Flacke net ausgeschloss. Mir si mat Maximalwäerter vun tëscht -1 a 4 Grad ënnerwee.

An der zweeter Wochenhallschent deet sech, wéi gesot, méi oft d’Warscheinlechkeet op méi nennenswäert Schnéifäll op. Iwwerdeems mir ënner kille Loftmasse leien, rechne verschidde Modeller fir en Donneschden en Déifdrockgebitt, wat vu Frankräich hier iwwert d’Belsch ewechzitt. Duerch dës Beweegung gëtt eng Waarmfront an eis Géigende gelenkt, där hir Nidderschléi bei eis duerch déi niddereg Temperaturen op den déifste Loftschichte mol nach kënnen als Schnéi erofkommen. Am Laf vum fréie Mëtte soll dat Ganzt erëm a Reen iwwergoen, et si glat Stroosse méiglech.

E Freide kéinte mir et mat engem weideren Déif ze di kréien, wat eis erëm d’Warscheinlechkeet op groussflächege Schnéifall bréngt. Fir e Samsden an e Sonnde gi just nach e puer geréngfügeg Nidderschléi berechent, iwwerdeems et meeschtens dréif bleift. Temperaturméisseg leie mir am Dag meeschtens bei -1 bis 1 Grad – an de Nuechten kéint et de Weekend selwer awer méiglecherweis bis zimmlech wäit erof an de Keller goen, bis ëm -10 Grad wieren aktuell net onméiglech.