Déi momentan Wiederlag hu mir enger variabler an turbulenter Westwiederlag ze “verdanken”. Wéi et schéngt erwaart eis awer an de nächsten Deeg eng Berouegung…
D’Grousswiederlag
Mir leien de Moment ënnert enger Westwiederlag. Fir genee ze sinn, suergt grad en Déifdrockkomplex, deen sech vun Island aus iwwer England bis eriwwer an de skandinavesche Beräich zitt, fir immens vill Reen mee awer och e spierbare Wand. Wa mir awer a Richtung Enn der Woch kucken, da kann et sinn, dass den Déifdrockafloss duerch héije Loftdrock verdrängt gëtt, deen sech vu Südwesteuropa aus bis erop a Skandinavien kéint strecken. Et bleift also net onbedingt esou ongemittlech wéi et elo ass.
De Verlaf
De Rescht vum Dënschde verleeft weiderhin immens naass. Wéi vill Reen ze erwaarden ass, dat fannt Dir an dësem Artikel. Muer um Mëttwoch hu mir et ëmmer nach mat ville Schaueren ze dinn, déi zäitweis och méi kräfteg kënnen ausfalen. De momentane Berechnunge no soll et nachemol tëscht 6 an 23 l/m² reenen – dozou awer och méi am elo just genannten Artikel. D’Temperature beweege sech tëscht 7 an 10 Grad, de Wand ass stramm bis stiermesch ënnerwee. An de Spëtzte packt en et op ëm 75 km/h, am Fall vun enger kräfteger Schauer ass awer och eppes driwwer net ausgeschloss. D’Interaktiv Warnkaart fannt Dir hei.
En Donneschde geet et mat ville Wolleke virun. Vun der Nuecht bis an de fréie Mëtten era sinn eenzel Schauere méiglech, relevante Reen kënnt awer net erof. A Richtung Donneschdenowend kann eis e klengt Randdéif nach den een oder anere Liter bréngen. D’Temperature klammen op 6 bis 9 Grad. E Freiden ass et déi meescht Zäit bedeckt, zäitweis si liicht Nidderschléi drënner. D’Temperature klammen op 4 bis 8 Grad.
De Weekend deet sech eppes a Saachen Temperaturen: Duerch en Héich iwwert de britteschen Inselen an déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmier gi méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert, duerch déi d’Temperature nach op e Maximum vun tëscht 3 a 5 Grad klammen. An der Nuecht op de Sonnde kann e Minimum vun tëscht -3 a 0 Grad erreecht ginn. E Sonnde selwer solle nach Maximalwäerter vun tëscht -1 an 2 Grad dobäi sinn. Et bleift duerch den Héichdrockafloss meeschtens dréchen, wat awer net verhënnert, dass et duerch Niwwel awer kann e bësse fiicht ginn. Och Schnéi a Form vun e puer Grimmelen sinn fir e Sonnde net ausgeschloss.