De Wochenausbléck: Weiderhi gréisstendeels Héichdrockwieder ze erwaarden

Nodeems et de Sonnde kuerzzäiteg méi gro, naass an och kill ginn ass, wäert eist Wieder an der neier Woch rem haaptsächlech vun héijem Loftdrock beaflosst ginn.

Sonneg Momenter huele rem zou

E massivt Héichdrockgebitt iwwert dem Nordatlantik, wat e Kärdrock vun ëm 1054 hPa huet, huet eis um Sonnden en uerdentlechen Temperaturstuerz bruecht – dat, well et polar Loftmassen aus dem héije Norden an eis Géigenden transportéiert huet. Nodeems um Samsde nach 20,4 Grad zu Lëtzebuerg gemooss gi sinn, sinn um Sonnde just nach 3 bis 9 Grad areecht ginn. Haaptsächlech op de Koppen am Norden huet et och geschneit.

Fir déi nei Woch ass haaptsächlech rem mat héijem Loftdrock ze rechnen, wat heescht, dass et zwar fir den Ufank nach zimmlech kill bleift, mee et net wierklech zu nennenswäerte Nidderschlagsquantitéite kënnt. Um Méinde fänke mir mat engem Sonn- Wollekemix un, dat nodeems d’Temperaturen aus de Moiesstonne vu -6 bis 1 Grad op Maximalwäerter vu 4 bis 9 Grad am Nomëtte klamme kënnen. De Wand ass ëmmer nach däitlech spierbar aus Nordosten ënnerwee, an de Spëtzte si 50 km/h ze erwaarden.

Héije Loftdrock huet weiderhin d’Iwwerhand (ECMWF – wxcharts.com)

Um Dënschden an och um Mëttwoch aus aus aktueller Siicht gesi mat frëndlechem a sonnegem Wieder ze rechnen, dobäi zéie just e puer harmlos Wolleken duerch. 5 bis 10 Grad sinn um Dënschden ze erwaarden, 7 bis 12 Grad sinn et um Mëttwoch. Um fréien Dënschdemoie kann et duerch Temperature vun tëscht -1 an 1 Grad mol nach lokal glat sinn. Dat selwecht gëlt fir de Mëttwochmoie, wou d’Wäerter tëscht -3 a 0 Grad leie wäerten. Den Dënschden ass mat Wandspëtzte vu 40 km/h de méi lëftegen Dag, um Mëttwoch ass e manner aktiv an areecht 25 km/h aus Ost- Nordost.

Den Donneschde soll et mat engem Sonn- Wollekemix viru goen, d’Temperature packen et op 7 bis 11 Grad. Reene sollt et net, de Wand ass nëmme nach schwaach aus Nord- Nordwest ënnerwee. Och dës Kéier ass ufanks mol nach Frascht méiglech, dat duerch Temperature vun tëscht 7 an 11 Grad. De Freiden erwaart eis viraussiichtleche méi wollekegen Dag, et sollt awer bei 8 bis 12 Grad meeschtens drëche bleiwen. 8 bis 12 Grad sinn dran. De Weekend iwwer solle sech d’Wolleken awer rem verzéie, sou dass d’Sonn ongestéiert vum Himmel schénge kann. 11 bis 15 Grad kéinten um Samsden areecht ginn, um Sonnden 12 bis 18 Grad.