De Wochenausbléck: Westwiederlag geet virun, zäitweis lefteg

Och an der neier Wiederwoch bleiwe mir weiderhin ënnert dem Afloss vun enger Westwiederlag. Bestännegt Wieder ass also keent ze erwaarde, mee éischter de Géigendeel.

Mix aus Niwwel, Wolleken, bësse Reen a Sonn

Sou wéi d’Wiedermodeller et gesinn, huet déi nei Wiederwoch e bësse vun allem ze bidden. Haaptsächlech dominéiere wäert awer weiderhin den hierschtleche Charakter, dee sech och heiansdo duerch e méi frësche Wand bei eis bleiwe wäert. D’Beem wäerten hier Blieder spierbar méi séier verléieren.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

De Méinde starte mir zimmlech fiicht an den Dag eran, nieft dem Niwwel ass och nach mat liichtem Fisemreen ze rechnen. Mir starte mat Temperature vun tëscht 7 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vu 9 bis 12 Grad. Den Himmel ass net méi grad esou kompakt zou wéi an de Moiesstonnen, an awer hunn d’Wolleke nach ëmmer déi däitlech Iwwerhand. Just mat vill Chance ka sech dotëscht d’Sonn weise kommen, de Wand ass an de Spëtzte spierbar mat 40 km/h aus Südwesten ënnerwee. An der Nuehct op den Dënschde bleift et, wat de Reen ugeet, dréchen – bis op d’Ausnam vu Niwwel an dem doraus resultéierende Fisemreen. D’Temperature leien um Dënschdemoie bei 5 bis 9 Grad a klammen am Nomëtte bis op 9 bis 12 Grad. Et ass wéi um Méinden: just mat Chance ka sech mol d’Sonn tëscht de méi kompakte Wolleke weise komme, fir de Rescht ass et meeschtens dréchen. Spéitstens vum spéide Nomëtte / fréien Owend u kënnt Reen aus Westen eragezunn, dee flächendeckend a méi laang unhalend ass. D’Temperature ginn an der Nuecht op de Mëttwoch op 12 bis 8 Grad zréck, et reent bis an de Mëttwochmoien eran.

Zweet Wochenhallschent méiglecherweis bësse méi waarm

De Mëttwoch ass et sou gutt wéi de ganzen Dag laang gro a fiicht duerch liichte Reen, Niwwel an och Fisemreen. Um Moie leien d’Temperaturen tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 13 Grad erop. Als Maximaltemperature gi sech 10 bis 15 Grad erwaart, dobäi zéie vill kompakt Wolleken duerch. Tëschenduerch kann et mol zu liichte Nidderschléi komme, mee gréisstendeels sollte se sech zréckhalen. Ochd e Rescht vum Dag bleift et bedeckt, an der Nuecht op den Donneschde kënnt et erëm zu Niwwelfelder. Den Donneschde si mir, ofgesi vun de Niwwelfelder, gréisstendeels nidderschlagsfräi. 11 bis 15 Grad sinn erëm ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 50 km/h. Um Freide gëtt et mat Chance e bësse manner gro, d’Temperature klamme mat 10 bis 13 Grad net méi grad esou wäit. E Kontrast kéint de Samsden duerstellen, un deem d’Sonn sech erëm duerchsetze kéint – dat awer eréischt, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. Leeft alles no Plang, gi Maximaltemperature vun 13 bis 16 Grad areecht. De Sonnde soll et erëm méi gro ginn, mee et och gréisstendeels dréche bleiwen. 13 bis 16 Grad.