De Wochenausbléck: Westwiederlag mat vill Gro & ëmmer erëm Reen

An der neier Wiederwoch bleift et meeschtens gro, dobäi ass och erëm ëmmer erëm mat Reen ze rechnen. Mat Chance kéint an der zweeter Wochenhallschent eng Besserung antrieden.

Grousswiederlag

Op mannst mol wärend der éischter Wochenhallschent erstreckt sech vum mëttleren Atlantik iwwer Island bis eriwwer iwwer d’brittesch Inselen en Déifdrocksystem, dee seng Äerm och a Richtung Mëtteleuropa ausstreckt. Iwwerdeems ass iwwert dem Mëttelmier primär Héichdrock ze fannen, dat selwecht gëlt fir Russland a Grönland. Doduerch entsteet e westlecht bis südwestlecht Stréimungsmuster, wat et zouléisst, dass eis fir d’Joreszäit ze waarm Loftmassen zougespillt ginn. Net nëmmen dat, mee dat heescht och, dass et ëmmer erëm naass a lefteg bis deemno wéi stiermesch ka ginn.


Déi viraussiichtlech Entwécklung vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wat de Verlaf betrëfft si mir bis an déi fréi zweet Wochenhallschent eran zimmlech eentéineg ënnerwee. Um Méinde starte mir mat ville Wolleken an och Niwwelfelder an den Dag eran, bei de Nidderschléi handelt et sech meeschtens ëm Fisemreen. Am Nomëtten ännert sech dat lues a lues, well aus Weste groussflächege Reen eragezu kënnt. 7 bis 9 Grad stinn un, an der Nuecht op den Dënschde pendelt sech den Thermometer esouguer tëscht 6 an 10 Grad an. Frascht ass also op kee Fall ze erwaarden. Um Dënschde bleift et de ganzen Dag gro an et reent ëmmer erëm, d’Temperature klammen op tëscht 7 an 11 Grad. De Wand bléist stramm bis hin zu lokal och stiermesch aus West-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat bis zu 75 km/h dobäi. Um Mëttwoch sinn 10 bis 13 Grad dran, dat bei weiderhi ville Wolleken an ëmmer erëm naasse Momenter. An der Nuecht op den Donneschde soll de Wand erëm bëssen zouhuelen a mat ëm 60 km/h an de Spëtzten aus West-Südweste blosen. Zesumme mat dësem Wand gi waarm Loftmassen aus Südeuropa ugezaapt, wouduerch d’Temperaturen op tëscht 10 a 15 Grad klammen, wat fir Dezember eng uerdentlech Hausnummer ass.

Zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent ka mat Chance lues a lues e Changement stattfannen. D’Modeller GFS an ECMWF deiten un, dass sech vum Donneschden u lues a lues en Héichdrockgebitt aus Spuenien iwwer Frankräich säi Wee a Richtung Mëtteleuropa bunnt, wat déi naass a gro Period ënnerbrieche géif. Well dësen Afloss awer net direkt de stäerkste wier, misst awer weiderhi mat ville Wolleke gerechent ginn. Op d’Temperaturen hätt dëst kee gréisseren Afloss, déi géifen dagsiwwer bei ëm 10 Grad verweilen.

Aus aktueller Siicht gesinn ass et den Donneschden also nach méi oft gro, zäitweis ass Fisemreen duerch d’Niwwelfelder dobäi. 11 bis 15 Grad sinn als Maximum ze erwaarden. Um Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, dat bei 10 bis 13 Grad. De Wand ass an Tëschenzäit zwar ëmmer nach spierbar, huet sech am Verglach zu den Deeg virdrun awer berouegt. Och um Samsde soll eis e Mix aus Sonn a Wolleken erwaarde, wann een den aktuelle Modellrechnunge Glawe schenke kann. 9 bis 11 Grad wieren dobäi. De Sonnde wier et erëm bësse méi wollekeg, dat mat der klenger Warscheinlechkeet vu Reen an den Owesstonnen.