De Wochenausbléck: Zäitweis bësse naass, d’Temperaturen hale sech a Grenzen

No de ville waarmen Deeg gëtt et fir de Rescht vun der Woch zwar net besonnesch kill, mee d’Wäerter zéie sech definitiv zréck.

D’Grousswiederlag

Mir leien erëm méi ënnert enger westlecher bis hin zu nordwestlecher Stréimung. Dëst bedeit, dass et am Allgemengen e gudde Krack méi kill wéi an der lescher Woch wäert sinn. Zousätzlech sinn och mol méi fiicht Loftmassen dobäi, wat der Atmosphär iwwer Lëtzebuerg heiansdo zu eenzelne schwaache Nidderschléi verhëllefe kann. Vill soll awer ëmmer nach net vun uewen erofkommen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden, berechent vum ECMWF um Dënschdemoien | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Dënschde si vill déck Wolleken ënnerwee, mat Chance ass virun allem am Nomëtte mol en eenzelne sonnege Moment dobäi. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 14 a 19 Grad, dobäi ass iwwert den Dag verdeelt mat eenzelne Schaueren ze rechnen. De Mëttwoch ass mat 17 bis 21 Grad viraussiichtlech erëm e bësse méi waarm, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken – déi zäitweis och e bësse méi déck kënne ginn. Den Donneschden zéie weider méi déck Wolleken duerch, ganz lokal kann et mol bësse naass ginn, mee vill kënnt do sécherlech net erof. 17 bis 21 Grad stinn erëm un.

Wa mir dann en éischte Bléck a Richtung Weekend woen, da gesäit et fir de Moment och no engem Mix aus eenzelne sonnege Momenter an e puer méi décke Wolleken aus, inklusiv enger klenger Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer. Dat mol fir de Freiden, d’Temperature klammen op 15 bis 20 Grad erop. Um Samsden zéien e puer méi déck Wolleken duerch, dotëscht weist sech d’Sonn awer bei 13 bis 18 Grad. De Sonnde gëtt méiglecherweis minimal méi sonneg, ënnerscheed sech dann awer net esou staark vum Samsden. 11 bis 16 Grad stinn un.