De Wochenausbléck: Zäitweis lëfteg, Schaueren & meeschtens ënner 25 Grad

An der neier Wiederwoch kéint ee bal mengen, de Summer wier schonn eriwwer. Et ass wollekeg, Schauere si mat dobäi an eis Temperature si meeschtens ënnert dem Summer-Niveau ënnerwee.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Summer ass zwar do, just konzentréiert sech déi ganz Wiermt & Hëtzt de Moment op de Süde vun Europa. Et kënnt also, wéi zu all Joreszäit, ëmmer op d’Muster an d’Konstellatioun vun den Drockgebitter un. Wéi an de leschten Deeg a Wochen och schonn, läit den déiwe Loftdrock iwwert dem nërdlechen Europa iwwerdeems den Héichdrock iwwert dem Süde läit. Mam Wëssen, dass Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitter mat der Auer, da kann ee sech zwee gréisser Zännrieder virstellen. Tëscht dësen zwee Zännrieder gi manner waarm & och méi fiicht Loftmassen vum Atlantik hier an eis Géigenden hin duerchgequetscht. Et steet eis also eng variabel Woch un, déi net besonnesch summerlech ausfale wäert.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde geet et schonn variabel un, ëmmer erëm ass mat Schaueren ze rechnen. En Donnerwieder kann och net ausgeschloss ginn, mee dat éischter op lokaler Basis. D’Temperature packen et am Nomëtten op tëscht 19 an héchstens 25 Grad, am wäermste gëtt et laanscht d’Musel. Eenzel Schaueren/Donnerwieder kënnen och Staarkreen mat sech féieren. Muer um Dënschden geet et weider biergof mat eisen Temperaturen, dat mat 17 bis 21 Grad. Bis an de spéidere Virmëtten era kënnt et nach zu Schaueren, duerno sollt et bei engem Sonn-Wollekemix meeschtens dréche bleiwen. E Mëttwoch sinn och erëm Schauere mat dobäi, déi sech bis an de Nomëtte kënnen halen. Dotëscht ass d’Sonn awer um RDV, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 16 an 21 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent bleift et och net dréchen, mee et sollt net méi grad esou fréquentéiert reene wéi an der éischter. En Donneschde selwer si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 22 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm. Et kënnt zu Schaueren an dotëscht och mol sonnege Momenter. E Freide wiessle sech d’Sonn a méi déck Wolleken of, ganz dréche bleiwe sollt et awer och net – dat bei viraussiichtlechen 23 bis 26 Grad.

Och fir de Weekend rechnen d’Modeller mat enger Schauerwarscheinlechkeet. E Samsde solle sech Sonn, Wolleken a Reen ofwiesslen bei 21 bis 24 Grad. E Sonnde wiessle sech d’Sonn a méi déck Wolleken of bei 18 bis 22 Grad.