De Wochenausbléck: Zäitweis naass, héije Loftdrock kämpft sech zréck

An der neier Wiederwoch spillt sech déi gréisst “Action” knapp ëstlech vun eis of. Mir zu Lëtzebuerg hunn zwar och méi naass Ofschnëtter ze erwaarden, wierklech verreent soll d’Woch awer och net ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi mir et eis virun enger Woch schonn richteg ugekuckt hunn, huet sech an Tëschenzäit héije Loftdrock westlech vu Frankräich, Spuenien & Portugal installéiert. Parallel dozou läit déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien an zitt sech bis an Island eriwwer. Dës Konsellatioun féiert dozou, dass mir elo ënnert enger fiichter a killer Nordweststréimung leien. Se ass zwar kill, mee a Relatioun zu de Loftmassen aus de leschten Deeg awer e bësse méi mëll.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Mir zu Lëtzebuerg leie gréisstendeels op där “méi mëller” Säit vun de Loftmasse, nëmmen zäitweis sinn se kal genuch fir dass et am Fall vu Nidderschléi zu Schnéireen oder och zu Schnéi op den allerhéchste Koppe komme kann.

De Verlaf

Haut um Méinde si mir jo zimmlech naass an den Dag eragestart, plazeweis huet Glëtz fir glat Stroosse gesuergt. Vum Nomëtten u si sonneg Momenter e bësse méi fréquent ginn, zäitweis weise sech awer ëmmer nach Schaueren dotëscht. Muer um Dënschde starte mir mat Niwwelfelder an e puer Wolleken an den Dag, vum Nomëtte bis an de spéideren Owend era besteet erëm d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Nidderschléi. D’Temperature packen et op 2 bis 4 Grad. E Mëttwoch bleift et laang dréche bei eis, iwwerdeems sech iwwer Däitschland e grousst Gebitt mat Schaueren & Schnéi a Richtung Süde beweegt. Wéi gesot, zitt de Gros dovun och wierklech ëstlech un eis laanscht – wat awer net heescht, dass Schauere vum Owend un komplett ausgeschloss sinn. 4 bis 7 Grad stinn un.

An der zweeter Wochenhallschent breet sech den héije Loftdrock weider an de Nordosten aus, kënnt Lëtzebuerg also méi no. Bis an de Nomëtte kann et mol nach plazeweis bësse naass ginn, duerno iwwerhëlt dann den Héichdrock ëmmer méi. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad. E Freiden an de Samsde leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss – wa sech de Niwwel opgeléist kritt, erwaart eis e Mix aus Sonn a Wolleken. E Sonndemoie gëtt et eng erhéicht Warscheinlechkeet vu Schaueren, dat ausgoend vun enger Kalfront déi engem Déifdrockgebitt iwwer Skandinavien ugehéiert. D’Temperaturen hale sech un den dräi Deeg dagsiwwer tëscht 5 a 7 Grad op.