De Wochenausbléck: Ze waarem, ab dem Donneschde méi onbestänneg

An dëser Woch gëtt et nachengkéier richteg sonneg an iwwerduerchschnëttlech waarem. Eng Ännerung mecht sech awer och gläich bemierkbar.

Lokal begrenzt souguer 20 Grad méigleg

Mir stinn emmer nach enner staarkem Héichdrockafloss, deen awer am Laf vun der Woch no a no ofhuele wärt. Mir kréien et awer mat der wärmster Phase aus de leschte puer Wochen ze dinn.

Um Méinden ass et, soubal de Niwwel fort ass, meechtens sonneg. D’Temperature packen et op 13 bis 17 Grad. Vir den Dënschden an de Mëttwoch gëllen déi selwecht Konditiounen, et kann awer lokal begrenzt souguer bis zu 20 Grad waarem ginn. Haaptsächlech wärten d’Temperaturen tëschen 13 a 18 Grad leien. De Wand ass schwaach aus östleche Richtungen ënnerwee an dréit de Mëttwoch op Süden.

Ab dem Donneschde gëtt et zwar net schlecht, mee et mierkt een, dass et scho net méi grad esou gutt ass. Et komme méi Wollécken dobäi, d’Temperature sollen dem aktuelle Stand no nach 7 bis 12 Grad ereechen. De Freide kéint sech mat Zäite méi onbestänneg weisen, et besteet e klenge Schauerrisk.

Déi haaptsächlech Wahrscheinlechkeet vu Reen, méi Wollécken a méi niddregen Temperature soll awer réicht ab nächster Woch klammen. Och wann d’Temperaturen zréckginn, gëtt awer net erwaart, dass d’Werter am Dag op e wanterleche Niveau faalen. Mat Werter vun em 5 Grad a liicht driwwer kéint et souguer ëmmer nach liicht iwwerduerchschnëttlech waarem bleiwen.