De Wochenausbléck: Ze waarem an ze drëche vir d’Joereszäit

D’lescht Woch haate mir e puer gro a naass Deeg, déi der Natur méi wéi gutt gedoen hunn. Wann een déi aktuell Modellrechnunge sou kuckt, schéngt sech de Reen awer op e Neits méi rar ze maachen.

Iwwerduerchschnëttlech waarme Start

De Reen schéngt sech also a nächster Zäit rem méi rar ze maachen, obwuel e batter néidëg ass. Den Ufank vun der Woch presentéiert sech vun enger drëchener Säit, daat bei engem Mix aus Sonn a Wollécken. Bei Temperaturen, déi Werter vun 10 bis 14 Grad ereeche kënnen, ass et liicht iwwerduerchschnëttlech waarem vir d’Saison. Dës Anomalie gëtt um Dënschden awer scho méi däitlech: 14 bis 16 Grad sinn ze erwaarden, daat bei engem Wiesselspill aus Sonn a Wollécken. Reen ass keen ze erwaarden, et bléist e schwaache bis liicht spierbare Wand aus Süd-Südost.

GFS 850 hPa Temp. Anomalie (wxcharts.eu)

Kaum Reen och am weidere Verlaaf?

Komm mir geheien e Bléck méi wäit an d’Zukunft. Dofir benotze mir, wéi ëmmer, den GEFS Ensemble, un deem een erkenne kann, wéi sech d’Wieder an de nächste 16 Deeg entwéckle kéint a wéi héich d’Wahrscheinlechkeet ass. Bis den Dënschde gesi mir also e markanten Ustieg vun den Temperaturen, ier et an den Deeg drop erem biergoof geet. Wéi et de Moment ausgesäit, wärte sech d’Temperaturen, déi dagsiwwer gemooss ginn, tësche 9 a 14 Grad apendlen. Eenzeg an de Nuechte wier mol mat lokalem Frascht oder glaate Stroossen ze rechnen. Um ënnechten Deel vun der Grafik gesi mir déi aktuell simuléiert Reequantitéiten (Stand 03.11.2018 23:20 Auer) – et ass also vu guer näischt bis héchstens ganz e bëssen eppes méigleg. Gréisser Zommen, déi de Nidderschlagsdefizit e bësse beseitëge kéinten, si leider net ze erwaarden.

Vir Computer-Notzer: Bei Klick op d’Bild gëtt d’Grafik méi grouss a besser liesbar.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)