De Wochenausbléck: Zwar méi kill, mee ëmmer nach sonneg

No de spéitsummerlechen Temperaturen de Weekend gëtt et an de nächsten Deeg rem méi kaal. D’Sonn verschwënnt awer net.

Ufanks bësse méi wollekeg

Ufanks der Woch kréie mir et, no engem zimmlech sonnege Weekend, rem mat e puer Wolleken ze dinn. Zäitweis ass et och méi staark bedeckt, reene sollt et dobäi awer net.

Um Méinde gëtt et beispillsweis am Laf vum Moie lues a lues méi wollekeg, um Mëtten an och am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 26 Grad ze rechnen. Dobäi bléist just e schwaache Wand aus Nordwesten. D’Wolleken huele mir mat an den Dënschden, déi awer schon am Laf vum Virmëtte no a no verschwanne wäerten. Am Nomëtte wäert d’Sonn also rem d’Iwwerhand hunn, d’Temperature klammen op e Maximum vun 18 bis 22 Grad. Dat och bei engem schwaache bis liicht spierbare Wand aus Norden.

Mëtt der Woch verlagert sech d’Héichdrockgebitt, wat eis vum Méinden un beaflosst, ëmmer méi wäit a Richtung Osten, also op eis duer. Et gëtt also rem sou gutt wéi de ganzen Dag sonneg, mee et gëtt nach net direkt méi mëll. D’Temperature packen et op 14 bis 18 Grad.

Héichdrock mecht sech rem breet (ICON – wxcharts.com)

Am weidere Verlaf sonneg a méi mëll

Aus aktueller Siicht gesinn sollt sech dat Héichdrockgebitt och nach de Rescht vun der Woch iwwert eise Käpp beweegen. Et ass dem no also zimmlech sonneg an et zéie just e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Donneschde schéngt d’Sonn sou gutt wéi de ganzen Dag, dat bei 16 bis 19 Grad. Och um Freiden ass et viraussiichtlech bei vill Sonn a nëmme wéinege Wolleke frëndlech bei 18 bis 21 Grad. Um Weekend dann kéint et rem a Richtung 25 Grad goen, mee dat ass nach net sou ganz sëcher.