De Wochenausbléck: Zweet Hallschent erëm méi Beweegung, lokal Flacken

An der éischter Wochenhallschent bleift d’Wieder zimmlech roueg, eréischt an den Deeg drop gëtt et méi lëfteg an zäitweis ergëtt sech d’Chance op Schnéischaueren.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nach bis an de Mëttwoch era leie mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun engem Héichdrockgebitt, wat sech vu Frankräich hier an den Alperaum an duerno a Richtung Balkan verlagert. Och de Mëttelmierraum profitéiert vun dëser Entwécklung, well doduerch no de staarke Reefäll och mol eng Berouegung ze erwaarden ass.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Fir spéitstens d’Nuecht op en Donneschde wäert vu Westen hier e klengen Déifdrockkomplex iwwert eis ewechzéien, deen eis engersäits groussflächege Reen/lokal Flacken an anerersäits och e méi stramme Wand ka matbréngen. Mir mierken also, dass den déiwe Loftdrock an der zweeter Wochenhallschent d’Iwwerhand soll gewannen.

De Verlaf

Nom groen Dag vun haut geet et muer um Dënschden och esou virun: Et bleift gréisstendeels bedeckt an dréif, obwuel mir ënner Héichdrockafloss leien. D’Temperature packen et op e Maximum vu 6 bis 9 Grad, punktuell kann eng 10 net ausgeschloss ginn. Schonn an der Nuecht op e Mëttwoch kënnen eis schwaach Déifdrockausleefer erreechen, déi um fréie Mëttwochmoie fir liichte Reen suergen. Am Nomëtte wier et weiderhi bedeckt, Reen gëtt méi rar. 7 bis 10 Grad sinn dran, punktuell och mol 11.

Um spéide Mëttwochowend wäert eise Loftdrock däitlech falen, well sech zwee Randdéifer vu Frankräich & de britteschen Inselen aus a Richtung Kontinent beweegen. Dat südlecht Déif dovu soll a Frankräich selwer erawanderen, dat nërdlecht soll bis an Dänemark a vun do aus op d’Ostséi eraus zéien. En Donnesche déife mir dagsiwwer also matten ënnert dem Afloss dovu leien, wouduerch et ëmmer erëm naass gëtt. Vum Owend u gerode mir op d’Récksäit, un där d’Stréimung op Nordwest dréit. Et gëtt däitlech méi kal, wat heescht, dass verbleiwend Schaueren als Schnéireen a Schnéi erofkomme kënnen.


An der zweeter Wochenhallschent kann och mol e méi kräftege Wand matwierken | Grafik: wxcharts.com

De Freide gesäit aktuell no engem méi rouegen Dag aus, un dem kuerzzäiteg héije Loftdrock dotëschtfunkt. Schonn um Owend soll dësen erëm ofhuelen, well mir ëmmer méi ënnert den Afloss vun engem neien Déifdrockgebitt solle geroden. Hei kënnt et zwar nach op e puer kleng Détailer un, mee sollt et “ideal” lafen, da wier besonnesch op de Koppen och mol méi kräftege Schnéifall net ausgeschloss. Dagsiwwer esouwéi och an de Nuechte géif et, op d’mannst mol vum Freide bis e Sonnden, méi kal ginn.