De Wochenausbléck: Zweet Hallschent kann erëm summerlech ginn

No dräi lokal fraschtege Nuechte klammen eis Temperaturen an de nächsten Deeg erëm. Vill Reen soll et awer bis op Weideres net ginn.

D’Grousswiederlag

Schwaachen Héichdrockafloss begleet eis duerch déi nächst Stonnen an Deeg. Besonnesch haut um Méinde leien an der Héicht nach méi kill Loftmassen iwwert eis, déi an de nächsten Deeg awer verschwanne wäerten. Fir déi zweet Wochenhallschent soll sech en Déifdrockgebitt virun d’Küste vu Spuenien a Portugal beweegt hunn, iwwerdeems mir et erëm méi verstäerkt mat héijem Loftdrock ze di kréien. Duerch dës Konstellatioun starten déi summerlech Loftmassen e weidere Versuch, fir bis op Lëtzebuerg virzedréngen. D’Chance sti gutt.


Eis erreeche no a no erëm méi waarm Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde si mir erëm lokal mat ëm -1 Grad an den Dag gestart, Beispill d’ASTA Statioun zu Breedelt. D’Nuechten an d’Moienter wäerten demnächst awer erëm manner kill ginn – dat selwecht gëllt och fir d’Deeg selwer. Haut sinn 13 bis 18 Grad als Maximalwäerter ze erwaarden, bis op e puer eenzel Ausname sollt et gréisstendeels dréche bleiwen. Um Dënschde gëtt et mat 16 bis 23 Grad schonn méi waarm, dat och bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. Dotëscht kann eng lokal Schauer net ausgeschloss ginn.

Fir e Mëttwoch gëtt mat 18 bis 24 Grad erëm sou just u Summertemperature gekrazt, d’Sonn kënnt sech nach e Stéck besser weisen an et sollt net reenen.

Zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent setzt sech déi südwestlech Stréimung ëmmer méi duerch, duerch déi et erëm méi waarm bei eis gëtt. Um Donneschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, et sollt dréche bleiwen. D’Temperature packen et op 18 bis 23 Grad. Um Freiden an och um Samsde kéinten et esouguer erëm fiichtwaarm an domat donnerwiederträchteg Loftmassen an eis Géigende packen, dat iwwerdeems d’Temperaturen op tëscht 21 a 27 Grad klamme sollen. De Moment kann een awer just vun engem klenge Risk schwätzen a net vun enger Prognos, Detailer dozou ginn souwisou eréischt am Laf vun der Woch kloer.

Alles an allem kann ee soen, dass et a Richtung Weekend erëm méi waarm gëtt. Duerno stellt sech dann d’Fro, ob mir erëm vun engem Abroch vu méi kille Loftmassen erwëscht ginn oder ob sech déi méi waarm Stréimung weider behaapte kann.