De Wochenausbléck: Zweet Hallschent méi onbestänneg, mee summerlech

Eng weider summerlech bis héichsummerlech Woch steet un! Virun allem vum Mëttwoch un sinn awer och zäitweis e puer Schliet méiglech, deels mat Blëtz an Donner.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Woch mécht sech groussen Héichdrockafloss iwwert dem Gros vum Kontinent breet, deen vum Mëttwoch un erëm vun e puer méi klengräimegen Déifdrockgebitter gestéiert gëtt. Duerch dës Entwécklungen ginn an éischter Linn waarm bis hëtzeg Loftmassen aus dem westleche Mëttelmierraum op Lëtzebuerg gelenkt, déi vu Mëtt der Woch un vun eenzelne Schaueren an Donnerwieder gekontert ginn. Deeg, déi mir zu Lëtzebuerg am Aen hale musse, sinn de Mëttwoch an den Donneschden. Dozou spéiderhin en aneren Artikel.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse laut ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

Fest steet: Ett gi richteg summerlech Deeg, haaptsächlech en Dënschden an e Mëttwoch ass mat enger erhéichter Hëtztbelaaschtung ze rechnen – betrëfft besonnesch Kanner an eeler oder vulnerabel Leit.

De Verlaf

Haut um Méinden hu mir et mat vill Sonn ze dinn, et sinn allerhéchstens e puer ganz vereenzelt schleierhaft Wolleken drënner. D’Temperature packen et op 24 bis 28 Grad. Muer um Dënschden erwaart eis en änlechen Dag, dat bei 28 bis 32 Grad – eenzelne Berechnunge no kann et och punktuell fir 33 Grad duergoen. Fir den Owend ass et net zu 100% ausgeschloss, dass vu Frankräich aus lokaliséiert Gedimmers an eist Grenzgebitt gezu kënnt – bleift awer ofzewaarden.

Fir e Mëttwoch ginn et vun enger Rei Modeller déi éischt Donnerwiedersignaler – iwwert e konkrete “Modus” si se sech awer nach net eens. D’Temperature packen et weiderhin op méi wéi 30 Grad, änlech Wäerter wéi en Dënschde si méiglech. Fir en Donneschden an och e Freide besteet ëmmer nach de Risk vun eenzelne Schaueren an Donnerwieder, dotëscht weist sech awer och d’Sonn. D’Temperature maachen e Réckgang op ëm 25 Grad – summerlech bleift et also trotzdeem.

Fir de Weekend kann et nach heiansdo e bësse naass ginn, d’Sonn ass awer och um RDV. D’Temperature kéinten awer nach e klenge Réckgang maachen.