
Zwar änneren d’Wiedermodeller hir Meenungen aktuell zimmlech vill, där Phase ginn et eben och. Allgemeng sollt et vu Mëtt der Woch bis e Freiden inclus awer am variabelste ginn.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Déi allgemeng Sécherheet, dass Prognosen akkurat antreffen, ass aktuell e bësse gedrosselt, well d’Modeller staark hin an hier sprangen – esou Phase ginn et eben an der Meteorologie. Mir probéieren ëmmer nach immens komplizéiert natierlech Prozesser unhand vu Computerberechnungen an Experienz virauszesoen, an dat ass net ëmmer esou liicht.

Iwwert der Nordséi existéiert haut mol nach e klengt Héich, wat awer vun engem klengen Déif gestéiert gëtt, wat vun de britteschen Inselen hier an eis Richtunge gezu kënnt. Muer um Dënschden iwwerhëlt erëm héije Loftdrock d’Rudder, ier an der Nuecht op e Mëttwoch erëm déi nächst Stéierungen an d’Spill kommen. Wärend dem Mëttwoch selwer distanzéiert sech d’Héichdrockgebitt a Richtung Russland, iwwerdeems vu Westen hier weider Déifdrockafloss eragezu kënnt. Dësen Afloss soll eis mol nach bis an déi éischt Hallschent vum Samschden erhale bleiwen, esou de momentane Modellstand. Duerno kritt den héije Loftdrock dann och mol erëm eng Chance.
De Verlaf
Haut um Méinden erreecht eis den ugeschwaten Déifdrockafloss vun de britteschen Inselen aus a bréngt eis nieft de Wolleken och e puer Nidderschléi. Déi éischt zéie sdchonn knapp südlech laanscht, aus Frankräich sinn der awer weiderer ënnerwee. Am Laf vum Nomëtte geet d’Warscheinlechkeet erëm lues a lues zréck, mat e bësse Chance weist sech d’Sonn nach kuerz virun hirem Ënnergang. En Dënschde sti mir zwar ënner Héichdrockafloss, an awer weisen d’Modeller eng net ze vernoléissegend Warscheinlechkeet vu Niwwel, deen sech entweder zimmlech spéit oder deemno wéi och guer net opléise kéint. Well et sech heibäi ëmt eng klassesch “Niwwel-Lotto”-Situatioun handelt, kann ee just d’Daumen drécken.

E Mëttwoch wiessele sech d’Sonn a kompakt Wolleken of, d’Nidderschléi sollte sech mol nach bis op d’mannst an de Nomëtten eran zréckhalen. Vun der Nuecht un ass mat Reen ze rechnen, deen sech bis an den Donneschdemoie soll zéien. No enger Paus wiere méi spéit dann op e Neits Nidderschléi net ausgeschloss – iwwert dës zweet Phas si sech d’Modeller awer nach guer net sécher. E Freide si nach vill Wolleken ënnerwee, zäitweis gëtt et naass. E Samschde kann et nach bis ronderëm d’Mëttesstonn e bësse naass ginn, ier erëm héije Loftdrock an d’Spill kënnt. Dëse ka sech dann iwwert de Sonnden bis an de Méinden eran bei eis halen, esou den aktuelle Stand.
D’Temperaturen
Wat d’Temperature betrëfft beweege mir eis haut a muer bei 12 bis 16°C am Dag, e Mëttwoch an en Donneschde kraze mir am Südoste vum Land un den 20°C. An den Deeg drop géif et erëm en Tick biergof goen, iwwerdeems et an de Nuechten awer just a klenge Schrëtt erofgeet. Aktuellem Stand no kéinte sech nach bis bal de Weekend plazeweis zweestelleg Nuetstemperaturen halen, wat fir d’Joreszäit op alle Fall iwwerduerchschnëttlech ass.