An dëser neier Wiederwoch beschäftegt eis mol nach eng Zäitchen en Déifdrockgebitt a seng Iwwerreschter. Duerno kënnt erëm en Héich an d’Spill.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Haut um Méinde wandert en Déif iwwert de Südoste vun England eraus op déi belsch esouwéi hollännesch Küst a beweegt sech bis an d’Nuecht op e Mëttwoch mat sengem Kär bis an déi belsch esouwéi och däitsch Äifel – net wäit ewech vu Lëtzebuerg.
E Mëttwoch verschmëlzt et mat engem aneren Déif iwwert den Alpen, esoudass sech an den Deeg drop vu Nordwesten hier kann Héichdrockafloss bei eis breetmaachen. Dëse kann, Stand aktuell, entweder e Samschden oder e Sonnden erëm vun déiwem Loftdrock verdrängt ginn.
Den Détail
Den Dag vun haut bréngt eis eng Partie Schaueren, déi awer nëmme vereenzelt e bësse méi kräfteg kéinten ausfalen. Mat e bësse Chance weist sech och mol d’Sonn dotëscht – dat bei 11 bis 15 Grad. Muer um Dënschden hänkt ëmmer nach villes vun der exakter Positioun vum Déifdrockkär un, déi mir jo virdrun kuerz beschriwwen haten. Verbleift et fir den Ufank nach e bësse méi laang iwwert der Nordséi, dann dauert et och zu Lëtzebuerg méi laang, bis d’Nidderschléi dovun hei ukommen. Zitt et allerdéngs riicht an eis Groussregioun, da kann et schonn méi fréi am Dag zu eenzelne Schaueren dovu kommen. Et stinn ëmmer nach 11 bis 15 Grad un. E Mëttwoch wandert d’Déif a Richtung Süden a bréngt weiderhin e puer eenzel Schaueren, vill ass awer net dobäi – 10 bis 14 Grad.
An der zweeter Hallschent gëtt dann fir dat besot Héichdrockgebitt Plaz gemaach, wat dofir suergt, dass et vum Mëttwoch bis e Samschden zu kenge grouss nennenswäerte Nidderschléi sollt kommen. D’Sonn weist sech dann och méi oft, iwwerdeems d’Temperaturen am Dag awer net vill wäerten änneren. Duerch eng kuerzzäiteg nordëstlech Stréimung wier besonnesch um Donneschden- an och e Freidemoie plazeweis erëm op d’mannst Buedemfrascht net gänzlech ausgeschloss.
Fir de Weekend ännert d’Stréimung erëm, well vum Atlantik hier der Westküst e gréisseren Déifdrockkomplex méi no kënnt – an dëse mat agelagert ass den Tropestuerm ISAAC (dann wuel d’Iwwerreschter dovun). Et géif also dann liicht méi mëll ginn, iwwerdeems, besonnesch um Sonnden, déi eng oder aner schwaach Schauer net onméiglech wier.