De Wochenausbléck: Zweet Wochenhallschent erëm méi wéi 20 Grad

Den Oktober wëll einfach net gären Oktober sinn. Och an dëser Woch bleift et vill ze waarm fir d'Joreszäit, an der zweeter Wochenhallschent sinn esouguer erëm méi wéi 20 Grad ze erwaarden.

D’Grousswiederlag

Am Allgemenge läit Lëtzebuerg zanter Woche genee tëscht héijem an déiwem Loftdrock. Heiansdo gi mir e bësse méi vum Déifdrock beaflosst, heiansdo e bësse méi vum Héichdrockgebitt. Den Dag vun haut gëtt méi vun déiwem Loftdrock beaflosst, wouduerch et beispillsweis ëmmer nach zu eenzelne Schauere komme kann. Vum Dënschden un ännert dat lues a lues, wat bedeit, dass déi zweet Wochenhallschent tendenziell eng méi dréche gëtt. Wat d’Temperature betrëfft ginn et keng wierklech Neiegkeeten: se bleiwen an engem Beräich, deen fir e Mount Oktober däitlech ze héich ass.


D’Entwécklunge vun der Loftmassentemperatur bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinden zéie vill déck Wolleken duerch, déi lokal Schauere brénge kënnen. Dotëscht sinn trotzdeem eenzel sonneg Momenter méiglech, d’Temperature packen et op 15 bis 20 Grad. Den Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken erëm of, virun allem bis an de spéidere Virmëtten era kann et duerch geréngfügeg Nidderschléi mol nach bësse naass ginn. Vum Nomëtten u gëtt et méi frëndlech, dat bei 13 bis 16 Grad. De Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken of an et bleift dréchen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 17 an 20 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et, wéi gesot, tendenziell e Stéck méi dréchen. Mir leien dann erëm méi op der Säit mam héije Loftdrock, iwwerdeems mir awer ënnert enger südwestlecher Stréimung bleiwen. Dat bedeit, dass et net nëmme méi dréche gëtt, mee méiglecherweis och nach e Stéckche méi waarm. Den Donneschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, d’Temperature klamme viraussiichtlech op 19 bis 22 Grad. De Freiden an de Samsden erwaart eis dat selwecht Bild an och de Sonnde soll et waarm bleiwen.