De Wocheverlaf: Sonn pur an däitlech iwwer 30 Grad

Dës Woch ass eng, fir déi een quasi all Dag dat selwecht schreiwe kéint. Eis erwaart eng immens sonneg Zäit mat héijen Temperaturen an ouni Reen.

D’Grousswiederlag

Vun der Grousswiederlag hier erstreckt sech e grousst Héichdrockgebitt iwwer grouss Deeler vum europäesche Kontinent. Dëst kënnt do och net esou séier fort, well et vun Déifdrockgebitter agekesselt ass – mir hunn et also méi oder manner mat enger sougenannter Omega-Wiederlag ze dinn. Et bleift also zimmlech eentéineg, dat a Form vu vill Sonn an héijen Temperature bis de Sonnden inclus. D’Schauerwarscheinlechkeet ass net present bis hin zu minimal.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Mam Wochenausbléck si mir haut séier fäerdeg. All Dag schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, an de Nuechten hu mir et mat engem kloren Himmel ze dinn.

Haut um Méinde gëtt en Temperaturmaximum vun tëscht 25 an 30 Grad erreecht, agréabel also. Muer um Dënschde gëtt et mat 27 bis 32 Grad schonn erëm e Stéck méi waarm. Weider geet et dann mat dësem Trend och de Mëttwoch, 28 bis 32 Grad sinn ze erwaarden. Den Donneschde soll den Thermometer dem neiste Stand no op tëscht 29 an 33 Grad klammen, de Freide soll et op 30 bis 34 Grad eropgoen.

De Weekend selwer gëtt et am wäermsten. Fir de Samsde gesinn d’Wiedermodeller tëscht 30 a 34 Grad op eis duerkommen a fir de Sonnden 31 bis 34 Grad. Déi eenzeg minimal Schauerwarscheinlechkeet déi mir hunn kéint sech de Sonnden erginn, all ze vill sollt ee sech dovun awer net erwaarden.