Deels kräfteg Schnéischaueren: De neiste Stand fir muer den Owend & e Mëttwoch

Nodeems nach gréisser Schwankungen an de Modeller opgetruede sinn, pendelt sech dat Ganzt elo lues a lues an. Dëst ass e weideren Update iwwer d’Intensitéiten & d’Schnéihéichten, déi bis e Mëttwoch optriede kënnen.

Advertisement

Déi allgemeng Entwécklung

Gëschter hu mir schonn drop gekuckt, mat wat mir et eigentlech ze dinn hunn a firwat et eben elo esou spéit am kalendaresche Wanter nach zu deels méi kräftege Schnéischauere komme kann. D’Ëmstänn sinn ëmmer nach déi selwecht: D’Front vun engem Déifdrockgebitt, wat vun de britteschen Inselen a Richtung Nordséi zitt a sech zu engem Orkan verstäerkt, schéckt eis vun der Nuecht op den Dënschden un ëmmer erëm Nidderschléi, well d’Front dovun schläifend iwwert eis ewechzéie wäert. Op de Koppe geschitt dat schonn a Form vu Schnéi, soss ass et awer nach meeschtens Schnéireen a Reen. De Rescht vun der Front erwaart eis muer, déi zousätzlech vun engem Randdéif ënnerstëtzt gëtt, wat e Mëttwochmëtten iwwert eis Géigende wäert ewechzéien. E weidert Randdéif mat engem änleche Lafwee passéiert eis an der Nuecht op den Donneschden, mee dat tendenziell méi mat der méi mëller Säit.


De simuléierte Verlaf vun der Wiederlag bis en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

No de puer Flacken a lokale Schnéischaueren haut um Méinden gëtt dat Thema muer um Dënschdenowend erëm méi interessant. Déi virdru genannt Front generéiert vum spéideren Owend un Schnéischaueren, well d’Temperaturen vum Norden aus a Richtung Süden op de Gefréierpunkt a liicht drënner falen. Bis en Mëttwochmoie leien d’Temperaturen am ganze Land tëscht -1 an 1 Grad, dobäi ass weiderhi mat Schnéi ze rechnen. Wiedermodeller wéi den europäeschen ECMWF mee awer och de GFS gesinn deelweis Momenter mat méi kräftegem Schnéifall, deen sech bis an de spéidere Virmëtten eran zéie kann. Dëse Schnéifall gëtt vun engem Randdéif ausgeléist, wat mat sengem Kär bal genee iwwert eis ewechzéie soll. Sollt d’Déif am Endeffekt méi wäit südlech laanschtgoen, dann hätte mir et am Land mat nach méi Schnéi ze dinn. Sollt et awer ëmgekéiert sinn, an d’Déif zitt méi wäit nërdlech, da géif e signifikanten Deel vum elo grad genannte Nidderschlag als Schnéireen a Reen erofkommen amplaz vu Schnéi.

E weidert Randdéif erwaart eis an der Nuecht op den Donneschden. Aktuelle Kenntnisser no zitt dëst nërdlech un eis laanscht, wat heescht, dass mir op déi méi mëll Säit geroden. Doduerch geet de Schnéi a Reen iwwer, deen och mol méi kräfteg ausfale kann.

D’Quantitéiten

Mam Wëssen, dass alles dovun ofhängeg ass wéi déi extrem komplex Randdéifer zéien, hei déi momentan duerchschnëttlech berechent Schnéihéichte bis de Mëttwochowend spéit:

Nordhallschent

  • GFS: 3 bis 10 cm
  • ECMWF: 4 bis 12 cm
  • ICON: 1 bis 4 cm
  • ARPEGE: 5 bis 10 cm

Moyenne: 3,25 bis 9 cm

Südhallschent

  • GFS: 0 bis 3 cm
  • ECMWF: 1 bis 3 cm
  • ICON: 0 bis 1 cm
  • ARPEGE: 4 bis 7 cm

Moyenne: 1,25 bis 3,5 cm

De Norde schéngt also erëm am “beschten” ewechzekomme, wann ee sech de Schnéi wierklech wënscht. Am Süde wäert et Plaze ginn wou esou gutt wéi näischt leie bleift.