Deels kräftege Schnéifall & stiermesche Wand: Oppassen am Stroosseverkéier e Méinden

Zanter Deeg hu mir d’Situatioun mam Schnéi zesummen am Aen. Dëst ass den definitiven Update fir muer, haaptsächlech am moientleche Beruffsverkéier heescht et oppassen – dat net nëmmen duerch deels kräftege Schnéifall, mee och stiermesche Wand.

Advertisement

D’Situatioun

Vum westleche Frankräich aus kënnt e Stuermdéif eragezunn, wat mat sengem Kär wuel knapp nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéie wäert. Zesumme mat de souwisou schonn kale Loftmassen, déi vum Sonnden un agefloss sinn, gerode nach zousätzlech méi kill Loftmassen duerch dës Verlagerung vum klenge Stuermdéif an eis Géigenden. Dëst ass gekoppelt mat engem méi kräftege Nidderschlagsgebitt & stiermeschem Wand, eenzel Stuermstéiss si net ausgeschloss. Haaptsächlech am Beruffsverkéier kann dës Kombinatioun mol fir Problemer suergen. Et heescht also opzepassen.

De Verlaf

Am Virfeld wäert et zwar schonn zu eenzelne Schaueren a Form vu Schnéireen a Schnéi kommen, gehéiere wäerten dës awer nach net zur Front, déi eis e Méinde selwer usteet. D’Nidderschléi dovun erreechen eis aller Viraussiicht no tëscht 04:30 a 06:30 Auer an der Fréi, an enger éischter Phas mol just op de Koppen als Schnéi. Duerno ginn d’Temperaturen iwwerall zréck, wat d’Déif eis méi no kënnt. Dat heescht, de Reen geet ëmmer méi quasi iwwerall a Schnéi iwwer, deen och méi kräfteg ausfale kann. De Fall sinn wäert dëst tëscht tendenziell 7 an 10 Auer an eise Modellrechnungen. De markantesten Deel trëfft also éischter de méi “spéide” Beruffsverkéier. Soubal dat méi kräftegt Nidderschlagsfeld duerch ass, klëmmt d’Schnéifallgrenz erëm e bëssen. Et wäert also dorop erauslafen, dass de Norde wuel wat de ganzen Dag ugeet déi bescht Warscheinlechkeeten op Schnéi huet, iwwerdeems déi nidderegst Géigenden just wärend e puer Stonnen dovu “profitéiere” kënnen.

Am weidere Verlaf vum Dag, also vun der Mëttesstonn un, sinn am Land verdeelt ëmmer erëm Schauere méiglech. Am Norden op iwwer 400 Meter haaptsächlech als Schnéi, alles drënner kritt dann erëm méi Schnéireen ze gesinn. Ganz ënnen ass et ëmmer méi de Reen.

Beim Déif handelt et sech zwar ëmt e Stuermdéif, de kräftegsten Deel vum Wandfeld passéiert eis awer südlech. Et gëtt lefteg bis stiermesch bei eis, mee en ausgewuessene Stuerm steet eis net un – déi héchst Vitessen hale sech tëscht 50 a 75 km/h op, nëmmen an der absoluter Ausnam kéint et driwwer goen. Besonnesch do, wou e puer Zentimeter Schnéi leie bleiwe, kann et zu kuerzzäitege Schnéiwicken an de Stroosse kommen. Fir de Rescht heescht et: Egal ob eppes leie bleift oder net, duerch d’Kombinatioun aus kräftegem Schnéifall & staarkem Wand gëtt d’Siicht beim fuere staark reduzéiert. Et heescht also oppassen.

D’Schnéihéichten

Lëtzebuerg Nordhallschent

  • GFS: 1 – 3 cm
  • ECMWF: 2 – 6 cm
  • ICON: 1 – 3 cm
  • ARPEGE: 2 – 8 cm
  • Kachelmann SuperHD: 2 – 8 cm

Duerchschnëtt: 1,6 – 5,6 cm

Umierkungen: Och op de Norde begrenzt bezéie sech déi héchst Quantitéite besonnesch op déi héchst Koppen. An den Däller ass mat den hei am nidderegste genannte Wäerter ze rechnen.

Lëtzebuerg Südhallschent

  • GFS: 0,5 – 1 cm
  • ECMWF: 0,5 – 2 cm
  • ICON: 0 – 0,2 cm
  • ARPEGE: 0 – 0 cm
  • Kachelmann SuperHD: 0 – 1 cm

Duerchschnëtt: 0,2 – 0,84 cm

Umierkungen: Wuel keng nennenswäert Schnéiquantitéiten, dofir awer schlecht Siicht duerch kräfteg Nidderschléi a Form vu Schnéifall & Schnéireen a Kombinatioun mat kräftegem bis stiermeschem Wand.