Déi hierschtlech Loftmasse sinn do: Bléck op zwou méi kill, lokal fraschteg Nuechten

An der leschter Nuecht huet eis, wéi schonn zanter e puer Deeg ugedeit, eng Kalfront passéiert. Dës bréngt eis elo endlech méi hierschtlech Loftmassen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis elo war den Hierscht däitlech ze waarm, vu richtegem Hierschtwieder hu mir nach net vill gesinn. D’Kalfront läit hannert eis, aus Nordwesten erreechen eis elo däitlech méi kill Loftmassen. Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt duerch en Héichdrockgebitt, wat sech an der Nuecht iwwer Irland befënnt. Bis e Méinde wäert sech dëst genee iwwert eis leeën, wat also ënnert anerem och erëm op zimmlech nidderschlagsaarmt Wieder hindeit.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

Loft- a Buedemfrascht méiglech

An der Nuecht op de Sonnde killt et schonn däitlech méi of wéi an de leschten Deeg. D’Wäerter ginn op tëscht 2 a 5 Grad zréck, héichopléisende Modeller no wäert et awer och e puer Flecke ginn wou et op 1 Grad zréckgeet. Op direkter Buedemhéicht kann et bis op -1 Grad ofkillen, wat tendenziell méi an der Nordwesthallschent de Fall ass.

Eng weider kill Nuecht gëtt déi op de Méinden, wou et nach méi wäit ofkillt. D’Temperature ginn op tëscht 2 an -1 Grad zréck, op e puer vereenzelte Plazen och mol -2 Grad. Op direkter Buedemhéicht ass am Nordweste vum Land mat tëscht -3 a -1 Grad ze rechnen, fir de Rescht leie mir meeschtens bei tëscht -1 an 2 Grad.

D’Nuecht op den Dënschde gëtt erëm liicht méi mëll, d’Wäerter ginn op tëscht 4 a 7 Grad zréck.