Mir iwwerfléien an dësem Artikel e puer Saachen, déi an der neier Wiederwoch heiheem kéinten interessant ginn – e Bléck op déi Themen, déi mir am Aen halen.
Advertisement
Kënnt geschwënn e frësche Wand an d’Spill?
Mir geheien en iwwerflächleche Bléck op e puer potenziell interessant Punkten fir déi nei Woch. Vu muer u gi mir dann méi détailléiert op déi eenzel Punkten an.
Wéi d’lescht Woch schonn ugedeit, wäert sech déi nei Woch viraussiichtlech an der zweeter Hallschent däitlech méi variabel gestalten, dat duerch eng Westwiederlag. Ier et awer esouwäit ass, komme mir mol nach kuerzzäiteg ënnert de genoss vun e puer liichten Héichdrockphasen.
An der zweeter Wochenhallschent komme méi Déifdrockgebitter an d’Spill, déi d’Warscheinlechkeet vu lëftege bis fläit esouguer stiermeschen Ofschnëtter an d’Luucht drécken. De Moment stinn Zenarie mat Vitesse vun tëscht 70 an deels 100 km/h am Raum. Interessant kéint et dann och nach eng Kéier a Saache Flacke ginn – deemno wéi wäit südlech dës Déifdrockgebitter nämlech duerchzéien, kéint et lokal fläit nach eng Kéier fir déi eng oder aner Flack duergoen. E nohaltege Comeback vum Wanter ass awer weiderhi net a Siicht.