Déi Saach mam Wanterabroch

Et héiert ee scho villes iwwert e méiglege Wanterabroch an Zäit vun der nächster Woch. Waat ass drun a wéi wäit ginn d’Temperature wierklech zréck?

Klengen Temperaturréckgang jo, Wanterabroch éichter net

Waat scho mol sëcher ass ass, dass mir et de Weekend mol nach mat Temperature vun ëm 20 Grad a plaatzeweis och nach driwwer ze di kréie. Bei dem ganze kënnt sech d’Sonn meechtens weisen a Reen ass keen ze erwaarden. An der neier Woch ginn d’Temperature lues a lues zréck, daat awer a klenge Schrëtt. Enn der Woch sollte mir dann an engem méi hierschtleche Beräich ukomme, wéi et de Moment de Fall ass. Temperature vun iwwer 20 Grad sollte net méi sou liicht ereecht ginn. D’Werter wärten am Dag wahrscheinlech bei ëm déi 14 Grad leien.

Eichte Schnéi?

Aus aktueller Siicht gesi besteht tëschent dem 27. Oktober an dem 3. November eng geréng Wahrscheinlechkeet vir Schnéifall. Wann een den Temperaturverlaaf awer sou kuckt, da wärt daat am Dag éichter net de Fall sinn. Et kënne weiderhi Werter vun iwwer 10 Grad ereecht ginn. An de Nuechte faalen d’Temperaturen de momentane Berechnunge no an de liichte negative Beräich, wouduerch déi eng oder aner Flack da mol méigleg wier. Nennenswert ass dëst awer net wierklech, well et duerch d’Temperaturen am Dag éichter net virkomme sollt, dass de Schnéi leie bleift wann et dann iwwerhaapt dozou kënnt. D’Lag ass vill ze vill wacklëg, vir vun engem Wanterabroch schwätzen ze kënnen. Déi kommend Phase kann ee just endlech mol als Hierscht ofstemplen.

Vir d’Alpen ass et scho rem eng aner Saach: Do wier tatsächlech mat engem Wanterabroch ze rechnen.

Klengen Temperaturréckgang jo, Wanterabroch éichter net