Déif-Update: Strooss aus Schaueren a Wiederen, oder geet et knapp laanscht?

En Déifdrockgebitt läit iwwer Westfrankräich. D’Front vun dësem schläift muer um Donneschden iwwer Deeler vun eiser Groussregioun ewech – wéi wäit se awer a Lëtzebuerg eragezu kënnt, ass onkloer. Et gëtt kniffleg.

Advertisement

Schläifend Kalfront mécht et spannend

Fir d’éischt mol: D’Situatioun muer ass haaptsächlech a Saache Prognosen-Challenge interessant a net, well eng markant Onwiederlag um Spill steet. Sollten eis déi Nidderschléi awer erwëschen, da kéime besonnesch am Fall vun engem Donnerwieder trotzdeem gréisser Reenzommen zesummen, déi relevant kéinte ginn – op d’mannst punktuell.

D’Situatioun ass muer déi, dass ëmmer nach en Déifdrockgebitt iwwer Westfrankräich läit. Et handelt sech dobäi iwweregens ëmt dat selwecht Déif, wat mir am leschten Artikel ugeschwat haten. Bis Enn der Woch wäert et sech net grouss vu Plaz beweegen, iwwerdeems d’Nidderschléi dovun awer weiderhin ronderëmt den Zentrum kreesen. Zéien dës Nidderschléi schläifend oder a Form vun enger “Strooss” e puer mol iwwert déi selwecht Géigenden, da kann et op dëse Plazen zu relevante Reenzommen a net all ze laanger Zäit kommen – virun allem, wa potenziell Donnerwieder mat involvéiert sinn.


Gutt ze gesinn ass den Zentrum vum Déif, iwwerdeems de Reen ronderëmgewéckelt gëtt | Animatioun: wxcharts.com

Dat knifflegt un der Saach ass awer elo folgendes: Déi eng Modeller gesi muer den Owend eng vun dëse “Schauerstroossen” genee iwwert eis ewechzéien, iwwerdeems aner Modeller d’Front esou just nach op der franséischer Säit halen. De Grat tëscht Treffer oder net ass esou schmuel, dass sech am Viraus net soe léisst, wéi et am Endeffekt wäert ausgoen. Et soll ee sech just net wonnere, falls et muer dann awer “onerwaart” iergendwou zimmlech naass gëtt – fläit och duerch Donnerwieder.

Dës Entwécklung kann och Auswierkungen op d’Temperaturen hunn: Bleift d’Front méi wäit fort, da kënne bis zu 29°C erreecht ginn. Wa se iwwert eis ewechzitt, da gëtt et e puer Grad manner waarm.