Dem Wanter op der Spuer: Amerikanesche Modell mat Schnéi virum 1. Dezember, an déi aner?

Déi éischt minimal “Chancen” hate mir duerch Randdéifer. An de Modeller zeechne sech awer elo ëmmer erëm Grousswiederlagen of, déi op e richtege Wanterabroch kéinten hindeiten. Nach sollt een dat alles awer mat Virsiicht genéissen.

Vu kuerze Geleeënheeten zu richtege Wanterlagen

Mir hate schonn e puer mol geréngfügeg Geleeënheeten op déi éischt lokal Flacken, mee ëmmer ass et ëmt en Hoer net dofir duergaangen. Rezent, also e Freidemoien, ass et duerch eng liicht aner Positioun vum Randdéif net dofir duergaangen. An Zukunft handelt et sech bei de neie Geleeënheeten awer net ëm Randdéifer, mee déi ganz Grousswiederlag kéint op wanterlech Kippen – dat haaptsächlech dem amerikanesche Wiedermodell no.

Amerikanesche Modell gesäit déi éischt Wanterlag

Den amerikanesche Wiedermodell rechent elo schonn zanter Deeg domat, dass eis am Laf vun der nächster Woch ëmmer méi wanterlech Loftmassen erwaarden, haaptsächlech a Richtung Weekend. D’Iddi besteet doran, dass sech en Héichdrockgebitt iwwert de westlechen Atlantik/déi brittesch Inselen leet, iwwerdeems iwwer Russland déiwe Loftdrock läit. Duerch dës Konstellatioun kéim eng nordwestlech bis nërdlech Stréimung an de Fokus, déi eis gläichzäiteg fiicht Loftmassen duerch d’Nordséi mee awer och wanterlech Loftmassen géif zouspillen, dat well tatsächlech polar Loftmasse géifen ugezapt ginn.


Déi berechent Grousswiederlag vum amerikanesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Et huet kee Sënn, all eenzelne Modell-Laf ze thematiséieren an op d’Goldwoo ze leeën. Wann een déi aus de leschten Deeg awer esou kuckt, dann deiten se alleguer vum nächste Weekend un op eng Ännerung hin. An awer: Mir schwätzen hei just vum amerikanesche Modell. Den Europäesche wëll vun engem Wanterabroch mol nach näischt wëssen.

Huele mir awer un, den amerikanesche Modell géif sech duerchsetzen, da géif eis an der Nuecht op de 25. November, also e Samsden, den éischte Schnéifall erwaarden. Bis an déi éischt Dezember-Deeg eran géife sech dann ëmmer erëm Chancen erginn, duerch déi iwwert d’Zäit verdeelt och mol den een oder aneren Zentimeter kann zesummekommen. Am Modell-Laf vun haut de Moie fréi goufe bis an den Dezember eran schonn ëm 10 cm Schnéicouche berechent, mee dat sollt een nach immens mat Virsiicht genéissen. Ier mir eis mat Schnéicouchen befaassen, musse mir fir d’éischt mol séchergoen, ob et iwwerhaapt schneit.


Déi momentan Siicht vum europäesche Modell fir genee de selwechten Zäitraum

Kucke mir nach eng Kéier op den europäesche Modell: Dësem no passéieren eis déi wanterlech Loftmasse méi wäit ëstlech. Iwwert dem Norde vun Däitschland, den Alpen mee haaptsächlech iwwer Deeler vu Polen, Tschechien an dem Oste vum Kontinent wiere Schnéischaueren dobäi – mee nach net bei eis. Wéi sech d’Modeller wuel wäerten entscheeden?