Den Atlantik erwächt: Chancen op Schnéi a Wanter ginn zréck

De frësche Bléck an d’Mëttelfrist verréit, dass d’Warscheinlechkeet vun enger variabeler atlantescher Weststréimung ëmmer weider klëmmt. Kéinte mir fläit schonn de leschte relevante Schnéi vun der Saison gesinn hunn?

Advertisement

Temperature vun iwwer 10°C

Wéi mir et elo schonn iwwert eng méi laang Zäit thematiséieren, wäert sech an de nächsten Deeg e spierbaren Temperaturënnerscheed etabléieren. Dëse verdanke mir engem groussen Déifdrockgebitt, deen sech haaptsächlech südwestlech vun Island befënnt. Zur selwechter Zäit läit e kräftegt Héich iwwert dem wäiten Oste vun Europa esouwéi och deels iwwer russeschem Buedem, wat zesummen an enger gënschteger Konstellatioun fir mëll Loftmassen aus Südwesteuropa resultéiert. Méi Informatiounen dozou fannt Dir am Artikel vu gëschter.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Peak vun de mëlle Loftmasse gëtt aller Viraussiicht no e Freiden erreecht. Duerno gëtt et liicht manner mëll, mee mir bleiwe wäit fort vum Temperaturniveau, deen mir an de leschten Deeg erlieft hunn. Déi meescht Modeller gesi mol nach bis en Dënschden d’Potenzial, dass d’Temperature bei méi wéi 10 Grad am Dag wäerten ënnerwee sinn, fraschteg Nuechte ginn et bis dohin och net. De nächste Frascht kéint eréischt erëm ronderëmt den Donneschden, 27. Februar optrieden – mee dat och net méi um bis ewell schonn bal gewinnte Niveau.

Weststréimung ze erwaarden: Wéi wierkt se sech op eis aus?

Ënnert enger Weststréimung versteet een eng bestëmmt Konstellatioun vun Déif- an Héichdrockgebitter, duerch déi eise Wand mee awer och déi allgemeng Stréimung iwwert dem fir eis relevanten Deel vun Europa op westlech Richtungen dréint. A Richtung Weste läit den Atlantik, wat also automatesch mat bedeit, dass Déifdrockgebitter däitlech méi oft d’Soen hu, wéi wa mir ënnert enger killer Oststréimung géife leien. An dësem konkrete Fall gesäit et bis an de Mäerz eran esou aus, dass mir et op enger Sträif vun den Azoren bis an de Mëttelmierraum oft mat héijem Loftdrock a just e puer eenzelne klengen Déifdrockgebitter ze dinn hätten, iwwerdeems sech d’Déifdrockgebitter iwwert de méi nërdleche Breetegraden um Atlantik breetmaachen an ëmmer erëm de Wee op eise Kontinent bréngen. Den Haapteffekt duerch dës Wiederlag op Lëtzebuerg ass deen, dass d’Temperature vun Zäit zu Zäit (mee an däitlech méi kuerzen Ofschnëtter wéi aktuell) schwanken, iwwerdeems och reegelméisseg mat Nidderschléi ze rechnen ass. Och de Wand gëtt bei dëse Wiederlagen méi spierbar oder ka je no Entwécklung och mol nach eng méi markant Roll iwwerhuelen.


Keng exakt Virausso, mee dëst Muster deit op eng variabel atlantesch Stréimung hin, déi sech bis an de Mäerz era kann duerchsetzen | Animatioun: wxcharts.com

Déifdrockgebitter huelen deemnächst also grouss Gebitter vu Nordeuropa esouwéi och dem Nordatlantik an. Op de viichte Säiten (Vorderseiten) vun den Déifdrockgebitter ginn eis méi mëll Loftmassen zougeschëppt, op hire Récksäite sinn dann och erëm méi kill Loftmassen aus dem héije Norden dobäi. Stëmmen d’Konstellatiounen an och d’Iwwerschneidungszäit vun de néidege Parameter, da kann et och nach bis an de Mäerz eran zäitweis e bësse wanterlech ginn – dat a Form vu Schaueren déi mol vereenzelt Flacke bréngen. Sollt sech dës Situatioun erginn, wier dat souwisou just eppes fir déi héchst Koppe vun eisem Land – an och do wier dat dann erëm séier Geschicht, well déi nächst viicht Säit (Vorderseite) vun engem neien Déif ass ni wäit fort.

Fazit

Am Allgemenge kënnt bis an de Mäerz eran mol erëm méi Beweegung an d’Wiederkichen, déi d’Warscheinlechkeet fir nohalteg wanterlech Entwécklunge lues awer sécher erofzitt. Als Schnéifrënd muss een also op déi kuerz méi kill/wanterlech Stonnen hoffen, déi sech jo awer nach deels kënne weisen. Fest steet: Se si ni fir laang.