Kuerzzäiteg mécht sech also elo Héichdrockwieder bei eis breet. Wat fir een Effekt dat op d’Reenzomme fir de Rescht vun der Woch huet, kucke mir eis hei un.
Advertisement
D’Situatioun
Muer um Mëttwoch kënnt dat ugekënnegt Héichdrockgebitt mat sengem Kär am Weste vum Kontinent un a wäert sech bis e Sonnden oder e Méinden an den Osten esouwéi och Nordoste vun Europa verzéien. D’Phas ass also net fir ëmmer, mee se geet op alle Fall dofir duer, dass et net méi grad esou vill zu Lëtzebuerg reent. Wéi mir jo wëssen, ass den Abrëll 2024, grad esou wéi all anere Mount bis ewell an dësem Joer, ze naass ausgefall.
De Verlaf
Muer um Mëttwoch kann et fläit mol nach ganz punktuell zu geréngfüügege Nidderschléi kommen, e gréissert Thema ginn se awer net. Am Laf vum Dag gëtt et ëmmer méi frëndlech, well eis eben d’Héich vu Westen hier ëmmer méi no kënnt. Vum Donneschden un bis de Sonnden sollt et dann bei eis dréche bleiwen, eréischt vum Sonndenomëtten u klëmmt a ganz klenge Schrëtt e geréngen Donnerwiederrisk.
Bis dohin rechent den europäesche Modell mat just 0,1 bis héchstens 1 l/m² Reen ganz laanscht den äusserste Südwesten. Den amerikanesche Modell wëll genee do awer ëm déi 11 l/m² Reen net ausschléissen, wat dorop zréckzeféieren ass, dass dëse Modell schonn wärend dem Weekend e Risk fir Schaueren oder eenzel Donnerwieder gesäit. Filtere mir awer de Sonnenomëtten eraus, dann komme mir bei tëscht 1 an 3 l/m² eraus. Dem däitsche Modell no sollten d’Quantitéiten tëscht 0 an 2 l/m² leien.
D’Tendenz ass also eng kloer, et sollte normalerweis net méi wéi 3 l/m² erofkommen. Ob sech déi méi optimistesch Léisung vun de méi fréie Schliet vum amerikanesche Modell confirméieren, bleift ofzewaarden.