Den Ausbléck: D’Entwécklunge vum Wand bis Silvester

Well den Jetstream “gutt” steet, hate mir gesot, dass mir de Wand gutt am Aen halen. Et bleift/gëtt lëfteg, nëmmen eenzel Modeller rechne mat Stuerm fir Silvester.

Advertisement

Advertisement

D’Roll vum Jetstream

Bis Silvester an driwwer eraus leet sech ëmmer erëm den Jetstream iwwert eis, wat bedeit, dass de Risk vun engem spontane Stuermstéiss net null ass. Den Jetstream gëtt duerch gréisser Drockënnerscheeder ugedriwwen, déi duerch markanten Déifdrockafloss iwwert dem Norde vun Europa & Skandinavien esouwéi och héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum zustane kommen.


Déi viraussiichtlech Positioun vum Jetstream fir Silvester | Grafik: wxcharts.com

Et gi Modeller, déi gesi fir ronderëmt Silvester de Risk vun engem Stuerm, anerer wëllen dovun awer net wierklech eppes wëssen. Et gëtt erëm Zäit fir e weideren Update.

Mir vergläichen d’Modeller

Och wa sech d’Modeller ënnert sech e bëssen ënnerscheeden, si se sech awer eenz, dass et weiderhi lëfteg bis zäitweis liicht stiermesch bleift.

Fänke mir beim amerikanesche Modell un, deen fir d’Nuecht op en Donneschde mat stramme Wandstéiss vu bis ëm 70 km/h rechent. Wärend dem Donneschde wier de Wand mat 50 km/h an de Spëtzte weiderhi spierbar, ier et an der Nuecht mat 60 km/h erëm e klengen Tick méi lëfteg soll ginn. Fir d’Nuecht op e Samsden rechent en e puer méi stiermesch Stonnen, dat mat Vitesse vu lokal 75 km/h. Um Dag vu Silvester gëtt et fir de Nomëtten däitlech méi lëfteg, Spëtze vun tëscht 60 a 75 km/h kënnen optrieden. Wärend dem Joreswiessel sollen déi maximal Vitessen tëscht 50 a 65 km/h leien.


D’Berechnung vum amerikanesche Modell bis Silvester | Animatioun: wxcharts.com

A wat ass mam europäesche Modell? Dëse gesäit an der Nuecht op en Donneschde just e puer stramm Wandstéiss vun ëm 50 km/h op eis duerkommen. De nächsten Termin mat e bësse méi Wand hätte mir an der Nuecht op e Samsden ze erwaarden, dat mat héchstens 70 km/h. Da kënnt d’Nuecht op den 31. Dezember, an där dëse Modell punktuell Stuermstéiss bis 75 km/h net ausschléisst. Änlech wéi den amerikanesche Modell soll et u Silvester selwer awer en Tick méi stiermesch ginn – de Modell rechent mat knapp iwwer 80 km/h. De Joreswiessel soll dann awer nach mat maximale Vitesse vun ëm 50 km/h iwwert d’Bühn goen.


D’Berechnung vum europäesche Modell bis Silvester | Animatioun: wxcharts.com

Wat den Dag vu Silvester ugeet ginn et och Berechnungen, déi vill méi markant ënnerwee sinn. E gutt Beispill dofir ass den däitschen ICON, deen Vitesse vun 100 km/h net wëll ausschléissen. Dëst ass natierlech eng Extremrechnung – et soll een se nach net all ze eescht huelen, mee se op d’mannst awer ënner Beobachtung halen.