Den Ausbléck: Dëst sinn d’Reequantitéite bis de Freiden

An de nächsten Deeg bleift de Reen ëmmer nach en Thema zu Lëtzebuerg. Wéi naass et bis de Freiden inclus wäert ginn, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

D’Grousswiederlag ass ëmmer nach déi selwecht

Wéi och schonn an de leschten Reen-Check-Artikelen, leie mir och elo ëmmer nach ënnert enger variabler Westwiederlag. Ëmmer erëm kann et zu Schauere kommen, woubäi den Donneschden awer ee vun de frëndlechsten Deeg vun der Woch kéint ginn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass bis de Freiden inclus mat tëscht 9 a 15 l/m² dobäi, an der Südhallschent soll et am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 6 an 11 l/m², dat am äusserste Süden. De franséischen ARPEGE ass wat d’Quantitéiten ugeet mol guer net esou wäit wech, dat mat 5 bis 9 l/m² – vun der Andeelung hier awer schonn ee Stéckchen. Anescht wéi déi aner Modeller ass den ARPEGE der Meenung, dass et an der Nordhallschent am naasste gëtt. Den däitschen ICON mécht einfach eng Mëschung aus den zwee, am Norden, mee och an der Südhallschent soll de meeschte Reen falen. Berechnen deet dëse Modell tëscht 2 an 8 l/m².

Wann een den Duerchschnëtt vun de véier ausgesichte Modeller hëlt dann ass e mat tëscht 5,5 an 10,75 l/m² dobäi.