Den Ausbléck: Esou verleeft de Weekend

Wiedertechnesch sollt ee sech vum Weekend net ze vill erwaarden.

Grousswiederlag

Bis de Samsden inclus sti mir ënner staarkem Héichdrockafloss, wat eis awer net all ze vill brénge wäert. Op de meeschte Plaze wäert erëm de Niwwel an Héichniwwel d’Soen hunn, wat also keng all ze gutt Chancen fir sonneg Momenter sinn. Se sinn zwar net ganz onméiglech, mee et sollt ee net domat rechnen.

Um Sonnde wandert e klengt Déif vun der Nordséi hier iwwer Dänemark a Richtung Polen a bréngt eis eng Kalfront mat, déi fir méi groussflächege Reen suerge wäert. Och dëst ass awer nëmme vu kuerzer Dauer.


Esou verleeft de Weekend dem amerikanesche GFS no | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 19. November 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dat duerch Wolleken a Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 an 8 Grad erop, keng grouss Differenz also. Et bleift gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus West-Südwesten – an de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Den Himmel bleift meeschtens bedeckt, nëmmen a Richtung spéidere Nomëtten/fréien Owend gëtt et eng kleng Chance op eng eenzel Opklärung. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 7 Grad zréck, d’Warscheinlechkeet dass frësche Niwwel entsteet ass grouss.

Samsden, 20. November 2021

De Samsdemoie wier et eigentlech kloer bis liicht wollekeg, mee de Niwwel huet och nach e Wuert matzeschwätzen. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 an 8 Grad erop. Et bleift meeschtens gro duerch Niwwel, dobäi ass zousätzlech mat Fisemreen ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 15 km/h ënnerwee. D’Chancen, dass sech de Niwwel opléist, sti net besonnesch gutt – sollt et awer geschéien, da géif et mat Chance schéi sonneg ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, aus Nordweste kommen all Moment méi kompakt Wolleken eragezunn.

Sonnden, 21. November 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et ass mat liichtem Reen resp. Fisemreen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et ass staark bedeckt an et ass naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et ass mat flächendeckendem Reen ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, et gëtt a ganz klenge Schrëtt manner wollekeg.