Den Ausbléck: Esou vill Reen berechnen d’Wiedermodeller fir déi nächst Woch

An dëser Woch war et zimmlech naass, virun allem am Nordweste vum Land. D’Fro ass elo, ob mir eis och d’nächst Woch mussen op esou vill Reen astellen.

Titelbild-Hannergrond: wxcharts.com

Advertisement

Déi weider Aussiichten

Am Laf vun der nächster Woch reent et och ëmmer erëm, dat well mir weiderhin ënnert enger atlantescher Westwiederlag wäerte leien. Eng Front no där anerer zitt duerch, déi nächst beispillsweis schonn muer um Méinden. Och en Dënschde si Schaueren dobäi, ier e Mëttwoch dat nächst Déif eragerauscht kënnt. De momentane Modellrechnunge no widderhëlt sech dat bis Enn der Woch ëmmer erëm, wat awer net heescht, dass sech dotëscht keng eenzeg Kéier e sonnege Moment ka weisen.


Déi viraussiichtlech Reenzommen bis de Sonnden inclus laut europäeschem Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Wa mir op d’Zommen kucken, ass den europäesche Modell aus aktueller Siicht gesinn mat tëscht 30 a 50 l/m² dobäi. Den amerikanesche Modell ass net all ze wäit ewech, ass awer generell manner héich ënnerwee – gerechent ginn 30 bis 45 l/m².

Et gëtt also méiglecherweis e bësse manner naass wéi dës Woch, iwwerdeems den variablen Charakter awer op alle Fall bäibehale gëtt.

A wéi vill huet et dann elo an dëser Woch gereent?

Wéi et och virausgesot war, war déi momentan Woch eng zimmlech naass. Wa mir eis op d’Donnléeë vum Wiederradar bezéien, deen Lëtzebuerg ofdeckt, dann ass ze erkennen, dass virun allem Deeler vum Norden a Nordwesten vum Land am meeschte Reen ofkruten. De Maximum koum an engem Beräich erof, deen Brattert, Wahl, Rammerech, Kietscht, Rued, Holz ëmfaasst – dat mat 59 bis ëm 70 l/m². De generelle Beräich mat 50 l/m² läit an enger Sträif, déi tëscht Bauschelt, Réiden, Béiwen un der Atert, Ettelbréck, Buerschent, Longsdref, Biwels an der Houschter Déckt läit.

En zweete méi naasse Beräich zitt sech vu Simmern eriwwer op Schous, Eesebur, erof an d’Stad an dann erëm vu Leideleng aus a Richtung Sterpenich op der belscher Säit. Tëscht 40 an 52 l/m² Reen sinn erofkomm. E weideren, änlech naasse Beräich grenzt um äusserste Südweste vum Land, u Nidderkuer, mat och ëm 50 l/m².

Dës Wäerter schléissen zwar drop, dass et eng zimmlech naass Woch war – immens ongewéinlech sinn esou Zommen awer net, virun allem fir déi momentan Joreszäit.