Den Ausbléck: Geschwënn erëm Chancen op Flacken

Mir erliewen an dëse Stonnen an Hin an Hier vun de Loftmassen. Iwwerdeems et haut e gutt Stéck méi mëll ass, klëmmt muer erëm d’Warscheinlechkeet vu Flacken.

No dem éischte Schnéi, deen mir de vergaangene Freiden resp. an der Nuecht op de vergaangene Samsden haten, ass an Tëschenzäit och op de Koppen am Norden net méi all ze vill dovun ze gesinn. Dat nodeems un der ASTA-Wiederstatioun zu Reiler eng Schnéihéicht vu kuerzzäiteg 6,6 cm festgestallt gouf. Wéi et ze erwaarde war, sinn déi meescht Géigenden am Guttland kaum mat Schnéi dovukomm. Um Findel ass iwwert de Weekend kuerz 1 cm registréiert ginn. Mee wéi geet et elo virun?

Mir leie generell ënnert enger Westwiederlag, wat heescht, dass ëmmer erëm Déifdrockgebitter duerchzéie wäerten – dëst meeschtens nëmme ganz knapp nërdlech vu Lëtzebuerg, wat bedeit, dass et nodeems se duerchgezu sinn zäitweis erëm zu engem klenge Comeback vun de méi mëlle Loftmasse komme kann, wat mir z.B. haut um Mëttwoch erliewen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 4 a 9 Grad. Eréischt an der nächster Nuecht gëtt et erëm lues awer sécher méi kill, well en Déif vun der Nordséi hier a Richtung Ostséi zitt. Duerch dës Beweegung ginn op der Récksäit vum Déif erëm kill a fiicht Loftmasse vum nërdlechen Atlantik an eis Géigende gelenkt, wat dozou féiert, dass den Dag vu muer erëm e gréissere Kontrast am Géigesaz zu deem vun haut bréngt. 0 bis 4 Grad sinn als Maximum dran.


Zäitweis gréisser Kontraster vun Dag zu Dag | Animatioun: wxcharts.com

Déi nächst Flacke wieren dem no muer um Donneschden ze erwaarden, mee dat just a Form vun e puer wéinegen a schwaache Schaueren – an och haaptsächlech just op den héchste Plazen. Meeschtens kënnt am Fall vu Nidderschlag op den anere Plaze Schnéireen a Reen erof. Mat dobäi sief gesot, dass et zimmlech sécher nach laang net iwwerall zu Schauere kënnt. Um Freide starte mir mat Temperature vun ëmt de Gefréierpunkt an den Dag eran, glat Stroosse sinn do also erëm méiglech, dat net nëmmen op de Koppen. Um Freidenowend zitt eng Front duerch, déi eis duerch déi nach zimmlech nidderëg Temperature mol nach Schnéischaueren a Schnéireen brénge kann. An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Samsde gerode mir erëm kuerz ënner méi mëll Loftmassen, duerch déi de Nidderschlag iwwerall am ganze Land a Reen iwwergeet.

Fir de Sonnde steet den aktuelle Modellrechnunge no schonn de nächste Virstouss vu méi killen a fiichte Loftmassen un, wat awer nach mat gréisseren Onsécherheeten dohierkënnt. Heescht: och de Weekend iwwer schwankt d’Warscheinlechkeet vu Schnéiflacke weiderhin zimmlech staark hin an hier. D’Chancen op Schnéi am Guttland stinn zimmlech schlecht, och am Norden ass et ëmmer just fir e Moment ier et schonn erëm verflunn ass. Kee richtege Wanterabroch also, mee ëmmer nach Deel vum éischte klenge wanterleche Besuch, wéi mir dës Situatioun de vergaangene Freide gedeeft hunn.