D’Modeller bleiwen dobäi a gesinn bis an déi nächst Woch era keng grouss nennenswäert Nidderschléi, wat op héije Loftdrock zréckzeféieren ass. Just heiansdo kann et zu Stéierunge komme, besonnesch de Weekend.
Advertisement
Wéi sech d’Grousswiederlag entwéckelt
Vun alle bisheregen Deeg vun dëser Woch leie mir haut am meeschten ënner Héichdrockafloss, ier en dann muer nach e bësse méi staark gëtt. Déifdrockgebitter a méiglech Stéierunge gi nach esou wäit et geet vun eis ewechgehalen. E Freide verlagert sech den Héichdrockkär a Richtung Osteuropa, iwwerdeems vu Westen hier erëm e bësse Plaz gemaach gëtt, fir dass sech eventuell Déifdrockaktivitéit kann amëschen.
Dës Chance gëtt dann e Samschden ergraff: Iwwert dem skandinavesche Raum läit en Déifdrockgebitt mat sengem Kär a schleeft südlech dovun eng Kalfront mat, déi och Lëtzebuerg wäert beaflossen. Déi meescht Modeller rechnen am Beräich vun dëser e bësse Reen, op de Koppe wier déi eng oder aner Schnéiflack net ausgeschloss. Den Zäitpunkt ass nach liicht onsécher, mee en tendéiert a Richtung spéidere Nomëtten/fréien Owend. Wat d’Zommen ugeet wäert awer net vill dobäi sinn.
E Sonnde läit e markant Héichdrockgebitt virun der Westküst vu Frankräich, iwwerdeems en Déif iwwer Litanuen läit. Lëtzebuerg läit an dësem Fall also tëscht den zwee Drockgebitter, tatsächlech awer esouguer liicht méi no um Héich. E Sonnde sinn also Wolleken ënnerwee, mee déi vereenzelt Nidderschléi solle sech, Stand elo, a Grenzen halen.
Bléck op déi nächst Woch
De Gros vun de Modeller ass domat averstan, dass eis dëst Héichdrockgebitt nach bis Mëtt nächster Woch wäert beschäftegen: Entweder leet et seng Kären iwwert de Mëttelmierraum oder iwwert d’Alpen, mee den Effekt wier bei den zwee Fäll en änlechen: Mir hätten et ëmmer nach net mat gréisseren a nennenswäerte Reequantitéiten ze dinn. Eréischt vum Donneschden u sprangen den ECMWF an den amerikanesche GFS-Modell ëm a gesinn vum Atlantik & de britteschen Inselen hier e kräftegt Déif eranzéien, wat eis en Donneschden a Freiden (19.12/20.12) selwer mol erëm méi nennenswäert Nidderschléi kéint bréngen. Dem europäesche Modell no géif duerno erëm héije Loftdrock matmëschen, iwwerdeems den amerikanesche Modell eng méi turbulent Wiederlag gesäit mat vill Wand an der Geleeënheet fir e bësse Schnéi.