Den Ausbléck: Héije Loftdrock setzt sech duerch, mee trotzdeem meeschtens gro

Wéi ugekënnegt, huet sech an Tëschenzäit den héije Loftdrock bei eis duerchgesat – och wann ee net wierklech eppes dovu matkritt.

Grousswiederlag

De variable Wiedercharakter aus de leschte Wochen, oder besser gesot d’Grousswiederlag déi dat erméiglecht huet, huet eis verlooss. Mir louche meeschtens ënnert enger westlecher Stréimung. Heiansdo war et méi nordwestlech, wouduerch et zu méi wanterlechem Wieder koum. Aner Kéier war et déi méi südwestlech, wat erëm fir eng méi waarm Phas gesuergt huet. Elo ass awer e Changement agetraff.

Héije Loftdrock läit iwwer Mëtteleuropa, iwwerdeems westlech an ëstlech dovun déiwe Loftdrock läit. Dëst bedeit, dass den héije Loftdrock méi oder manner iwwert eis agekesselt ass. E kënnt also net wierklech gutt vu Plaz wat bedeit, dass dës Phas elo méi laang unhale kann.

Wéi et am Wanter awer esou oft bei héijem Loftdrock ass, bedeit dëst net onbedingt, dass eis schéin Deeg mat vill Sonn ustinn – am Géigendeel: duerch de nidderëge Sonnestand ëm dës Joreszäit feelt et oft u Potenzial, fir d’Temperaturen héich genuch ze drécken, fir dass sech de Niwwel ouni weider Problemer opléise kann. Och d’Wiedermodeller kënnen dës Situatioune nëmme schwéier aschätzen. Tëscht engem frëndlechen Dag mat vill Sonn an engem onfrëndleche groen Dag läit also oft nëmmen e schmuele Grat. Méi iwwert dëse sougenannte Niwwel-Lotto fannt Dir hei.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Déi nächst Deeg

Mëttwoch, 15. Dezember 2021

De Mëttwochmoien ass et eigentlech liicht wollekeg, mee de Niwwel wäert warscheinlech erëm Dominanz weisen. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net méi wäit. Meeschtens ass et gro, do wou sech de Niwwel awer opléist si kuerz sonneg Momenter méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 15 km/h ënnerwee. Wa sech de Niwwel net opléist, bleift et de ganzen Dag gro. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 5 Grad zréck, eenzel Opklärunge si net ausgeschloss.

Donneschden, 16. Dezember 2021

Den Donneschdemoien ass et liicht wollekeg bis gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a verännere sech net am Virmëtten. Dat eenzegt wat am Virmëten anescht ass, ass d’Chance, dass sech de Niwwel opléist. Dës ass nämlech méi héich wéi an den Deeg virdrun, wat awer leider ëmmer nach keng Garantie duerstellt. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht si kaum Wolleken ënnerwee, spéiderhi si Niwwelfelder méiglech. D’Temperature ginn op tëscht 4 a 6 Grad zréck.

Wat déi aktuell Wiederkaarten ugeet, soll de Freide nach eng Kéier en änlechen Dag ginn. Duerno dann, de Weekend, sollen d’Chancen op méi schéint Wieder besser ginn. D’Temperature géife sech am Dag net grouss veränneren, iwwerdeems et an der Nuecht awer op den éischte Plazen erëm kann zu Frascht kommen.