Den Ausbléck: Kraacht et um Sonndenowend/Nuecht op de Méinden?

Bei der momentaner Hëtzt freet ee sech dann och, wéi laang et dauert, bis et erëm kraacht. Den éischten Termin kéint schonn um spéidere Sonndenowend/fréie Méindemoien ustoen.

Modeller mat éischten Undeitungen

Zwar sinn déi nächst Zeile nach net fir bor Mënz ze huelen, trotzdeem kënnen déi momentan Modellrechnungen awer e Richtungsgeber sinn. Eng ganz Rëtsch Wiedermodeller rechne nämlech an déi selwecht Richtung, wat heescht, dass een de genannten Termin net aus den Aen loosse soll.


Eng Partie Modeller rechnen an der Nuecht op de Méinde mat éischten Dimmeren, dorënner och den ICON | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON an de franséischen ARPEGE deiten d’Entwécklung vun engem gréisseren Donnerwiedersystem un, deen an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Méinden aus Frankräich soll eropgezu kommen. Betraff wiere net nëmmen eis direkt däitsch, belsch a franséisch Nopere, mee och Lëtzebuerg. Och den europäeschen ECMWF wëll méi kräfteg Entwécklunge net ausschléissen. Den amerikanesche GFS gesäit géint Mëtternuecht och e gréissert Donnerwiedergebitt knapp südlech vu Lëtzebuerg, ier dëst um weidere Wee an eis Géigenden awer a sech zesummefale soll.

Den aktuelle Stand beseet also, dass et net ausgeschloss ass, dass et tëscht dem Sonndenowend an dem Méindemoie fréi kraache kéint. Dobäi wiere Stuermstéiss, Knëppelsteng an zolitte Reen mat dobäi. Fir Detailer ass et nach ze fréi, Météo Boulaide hält d’Situatioun stänneg am Aen.