Den Ausbléck: Kritt sech bis Enn der Woch och mol Héichdrock duerchgesat?

Eng Stuermwarnung no där anerer, sou ongeféier kann een déi vergaangen Deeg beschreiwen. Wéi geet et elo virun? A ka sech endlech mol erëm héije Loftdrock bei eis duerchsetzen?

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 22.02.2022:

YLENIA, ZEYNEP an ANTONIA, sou hunn d’Stuermdéifer an de leschten Deeg geheescht. Wat ass do eigentlech iwwer Lëtzebuerg geschitt?

D’Konstellatioun vun der Grousswiederlag war genee richteg agestallt, fir dass mir et mat ville Stuermdéifer hannerteneen ze di kruten. E grousst Héichdrockgebitt am Raum vun den Azoren, iwwerdeems iwwert dem nërdlechen Europa déiwe Loftdrock um Wierk war. Duerch de grousse Loftdrockgéigesaz tëscht Nord a Süd hu sech an der sougenannter Frontalzon, also genee tëscht dem Héichdrockafloss an dem Déifdrockafloss, Stuermdéifer entwéckelt. No e puer Niewe-Wandfelder waren d’YLENIA, d’ZEYNEP an d’ANTONIA déi dräi markantst Stierm. Besonnesch uerg ass et un der belscher Küst an och an Däitschland zouganagen. Wa mir op der belscher Küst bleiwe, goufen do esouguer knapp 160 km/h gemooss. An England ass mat 196 km/h déi héchst jeemools gemoosse Wandvitesse op méi nidderege Géigende gemooss ginn, e Landesrekord also – mee esou zolitt war et bei eis glécklecherweis awer net.

D’Stuermfeld vum Orkandéif ZEYNEP huet zu Wolz fir de stäerkste Wandstouss gesuergt, an zwar fir en orkanaartege Wandstouss vun 106 km/h. Direkt hannendrun war Beetebuerg mat bis zu 100 km/h, dann Käerjeng an Ell mat 93 km/h a Konsdref mat 91 km/h. Beim YLENIA war Beetebuerg och erëm mat 100 km/h mat dobäi, d’ASTA Statioun zu Reiler mat 98 km/h, Wolz mat 93 km/h, Ell mat 89 km/h a Käerjeng mat 87 km/h.

Dës zwee Stuermdéifer hunn zwar op ville Plazen am Land Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss bruecht, an awer waren allen zwee am Verglach zum Orkandéif ANTONIA bei wäitem net esou groussflächeg. Beim ANTONIA sinn op ville Statiounen uechter d’Land op mannst 90 km/h gemooss ginn: un der ASTA-Statioun zu Märel waren 96 km/h dran, genee d’selwecht wéi och zu Käerjeng.

Et war Materialschued ze bekloen, esou wéi awer och vill Beem, déi an d’Stroosse gefall waren. Et hätt kënnen zu gréisserem Schued kommen, deen awer méiglecherweis duerch déi vill Warnunge konnt verréngert ginn.

Mir hunn eis elo jo schonn bal un de méi staarke Wand gewinnt, geet et dann elo eigentlech och esou weider?

De Wand ass an de nächsten Deeg wuel nach heiansdo spierbar ënnerwee, allerdéngs sollten dobäi keng Stuermwarnunge méi néideg sinn. De Grond dofir ass deen, dass sech no a no erëm probéiert, héije Loftdrock bei eis duerchzesetzen. Eng éischt Kéier elo wou dat richteg bemierkbar gëtt ass muer um Mëttwoch, wou sech d’Sonn weise komme kann soubal sech de Niwwel verzunn huet. D’Temperature packen et dagsiwwer op tëscht 8 an 11 Grad, ier et an der Nuecht bal op de Gefréierpunkt zréckgeet. De Wand ass däitlech méi schwaach ënnerwee.

Den Donneschden soll dann awer schonn erëm e méi groen Dag ginn, och déi eng oder aner Flack wier virun allem op de Koppe net ausgeschloss. 6 bis 10 Grad stinn un, de Wand packt et zäitweis bis op 65 km/h aus West-Südwesten. Bis Enn der Woch si wuel nach heiansdo Nidderschléi a Niwwel dran, mee sonneg Momenter kënnen dotëscht genee esou oft optrieden. D’Temperature beweege sech am Dag weiderhin am däitlech ze waarme Beräich, ginn an de Nuechten awer ëmmer méi oft a Richtung Gefréierpunkt an drënner zréck. De Risk vu glate Streckenofschnëtter ass also net aus den Aen ze loossen.