Den Ausbléck: Open End vum gudde Wieder?

Schéint Wieder a frësch Temperaturen hu Lëtzebuerg zanter méi wéi enger Woch gutt am Grëff. Elo freet sech, wéi laang dëst nach esou virugoe kann.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 08.03.2022:

Héije Loftdrock huet eis zanter der leschter Februarwoch gutt am Grëff. De Reen ass zanterdeems iwwerhaapt keen Thema méi, d’Temperature woen hiren éischte Versuch a Richtung 15 Grad an driwwer. Dovun ofgesi blécke mir awer och nach eng Kéier op den däitlech ze waarmen an ze naasse Februar 2022 zréck a beäntferten eis d’Fro, wat d’Laangzäitmodeller fir de Rescht vum Mäerz op eis duerkomme gesinn.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Ier mir eis awer e bëssen driwwer informéiere, wéi et an Zukunft virugeet, hues du eis awer nach e puer Eckdaten iwwert de Februar matbruecht?

Genee. De Februar 2022 läit hannert eis, et kann een also an Tëschenzäit e Bilan iwwert de leschte meteorologesche Wantermount zéien. De Mount huet definitiv net all ze laang wanterlech Perioden zougelooss, zumools a Saache schnéiräichen Perioden. Kee Wonner: et war an der Moyenne e Stéck ze waarm. Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux louch déi duerchschnëttlech Temperatur am Februar bei 4,5 Grad – bezunn op d’Referenzperiod vun 1991-2020 sinn et 2,2 Grad. Heescht also, dass de Februar 2022 ëm 2,3 Grad ze waarm ausgefall ass. De wäermsten Dag war de 9. Februar mat 12,0 Grad, déi keelst Temperatur gouf den 12. Februar mat -3,8 Grad gemooss.

Wat de Reen ugeet, ware mir iwwerduerchschnëttlech ënnerwee. An der Moyenne hu mir an engem Februar 59 l/m² Nidderschlag, am Februar 2022 koumen awer 72,4 l/m² vum Himmel gefall – wat eng Differenz vun 13,4 l/m² ausmécht. De meeschte Reen an Zäit vu 24 Stonne gouf et de 7. Februar mat 27 l/m². U 16 Deeg huet et am Februar 2022 op mannst 0,1 l/m² gereent.

Mat dobäi kënnt, dass de Februar 2022 en zimmlech leftege bis stiermesche Mount war. Um Findel war de stäerkste Wandstouss e schwéiere Stuermstouss vun 90,7 km/h, gemooss den 21. Februar duerch d’Orkandéif ANTONIA. Dass de Mount räich u Wand a Stuerm war, weisen och d’Miessungen iwwert de Loftdrock: de Minimum waren 999,8 hpa den 18. Februar. Och wann den déiwe Loftdrock iwwert de Mount dominéiert huet, hate mir dotëscht och méi héichdrock-gepräägt Momenter. Sou wéi den 11. Februar, wou um Findel 1036,5 hPa gemooss goufen.
Trotz engem ze naasse Mount war de Februar awer och e bësse méi sonneg wéi soss. 95,1 Stonne laang huet se um Findel geschéngt, 79,5 Stonnen ass den 20 järegen Duerchschnëtt.

En ze waarmen mee och liicht ne naasse Februar also. Ginn et schonn Aussiichten dorop wéi dann de Rescht vum Mäerz verlafe kéint?

Hëlt een elo d’Laangzäitberechnunge vun der Modeller GFS an ECMWF da sinn déi zwou Parteien mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen ënnerwee, och a Saache Reen sollen et kënnen Defiziter ginn. Dem amerikanesche Modell no kéint de Mäerz 2022 1 Grad ze waarm ausfalen, dem ECMWF no esouguer 1,5 Grad. Wat de Reen betrëfft gesäit de GFS e Minus vun 31 l/m², den europäeschen ass mat bis ëm -20 l/m² dobäi. Den zwee Modeller no schéngt et also ze dréchen an ze waarm ze ginn.

Wéi geet et dann elo de Rescht vun der Woch virun? Bleift d’Sonn bei eis?

D’Sonn bleift wuel nach eng Zäitche bei eis, se kritt just warscheinlech vun der zweeter Wochenhallschent un e bësse Gesellschaft vun e puer méi Wolleken. Dëst hu mir dem Wiessel vun der Stréimung ze verdanken: bis muer inclus kréie mir nach Keelt a Frascht aus Russland zougespillt, duerno dréint d’Stréimung op Südwest. Dëst bedeit, dass méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg geblose ginn an doduerch eis Temperature klamme wäerten. Wéi gesot awer, musse mir dofir awer méiglecherweis de Kompromiss agoen, manner laang sonneg Momenter ze hunn.

Geet et de neisten Donnéeë no, bleift et bis den Donneschden ganz änlech wéi elo. D’Temperature packen et haut op 7 bis 10 Grad, muer sinn et schonns 11 bis 13 Grad. Um Donneschde selwer sollen 12 bis 15 Grad erreecht ginn. Um Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, dat bei 13 bis méiglecherweis esouguer 16 Grad ier an der Nuecht op de Samsden an och um Samsde selwer e puer Schauere net kënnen ausgeschloss ginn. E groussen Effekt op d’Temperaturen huet dat awer net, do si mir nämlech ëmmer nach mat 11 bis 15 Grad am Dag ënnerwee.

Verschwënnt de Frascht duerch déi héich Temperaturen dann och?

D’Temperature wäerten an dësen Deeg gréisser Spaanen duerchlafen. Se starten zwar net méi esou déif wéi de Moment, kënnen awer zumools an den Däller nach bei ronderëmt 0 bis 3 Grad leien ier et op zweestelleg Maximalwäerter am Dag eropgeet.

Dat war de Philippe Ernzer mat engem frëschen Update aus der Wiederwelt. Déi nächst Kéier maache mir wéi ëmmer d’Suite dovun mee kucken awer zréck och op de meteorologesche Wanter 2021/2022.