Den Ausbléck: Reent et dës Woch iwwerhaapt nach? Wa jo, wéi vill?

Den héije Loftdrock suergt no laanger Zäit mol erëm fir frëndlecht a sonnegt Wieder. Dëst wäert awer leider net esou bleiwen.

Advertisement

Déi momentan Situatioun

Eigentlech hu mir et de Moment just mat engem Tëschenhéich ze dinn, wat innerhalb vun der Westwiederlag läit, déi mir eigentlech de Moment hunn. Am Laf vum Donneschde kommen erëm méi Wolleken an d’Land gezunn, déi eis dann an den Deeg drop erëm e puer Nidderschléi kënne bréngen. Fällt eis dann erëm den Himmel op de Kapp oder sinn et just e puer liicht Schaueren?

D’Quantitéiten, déi vun de Modeller berechent ginn

De nächste Reen sollt eis an der Nuecht op e Freiden ustoen. Vun do un bis e Sonnden inclus rechent den europäesche Modell beispillsweis mat tëscht 10 an 20 l/m², déi sollen erofkommen. Den däitsche Modell ICON gesäit keng grouss Differenz, dësen ass mat tëscht 7 a 25 l/m² ënnerwee. Den amerikanesche Modell gesäit dat Ganzt e bësse méi zréckhalend, tëscht 2 a 6 l/m² solle falen.


D’Reequantitéite bis e Sonnden inclus laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Wa mir vun dësen Zuelen ausginn, da komme mir bei tëscht 6 a 17 l/m² eraus, déi duerchschnëttlech bis Enn der Woch sollen erofkommen. Dozou sief och nach gesot, dass laanscht den äusserste Westen dat meescht dovun ze erwaarde wier.