Den Ausbléck: Totalausfall vum Wanter méiglech?

Et gëtt mol rem Zäit, dass mir méi wäit an d’Zukunft kucken – et ass nämlech schon e bëssen hier! Mee ech soen et direkt: Wanterfans musse weiderhi staark sinn.

Ëmmer nach keng gréisser Chance fir nohaltege Wanterabroch

Och wann et mir perséinlech mëttlerweil scho rem no Fréijoer oder Summer ass, waarde vill Leit ongedëlleg drop, dass et endlech mol richteg Wanter gëtt. Nodeems et am Dezember zäitweis zu wanterlechen Ofschnëtter komm ass, hate mir et bis ewell just mat bësse Frascht an och glate Stroossen ze dinn. Kuerzzäiteg konnt och mol Glëtz oder déi eng oder aner onbedeitend Flack falen.

Wéi gesäit et dann aus? Kënnt de “richtege Wanter” am Januar oder musse mir eis weiderhi gedëllegen? Direkt riicht eraus gesot, stinn d’Chancen och fir de Rescht vum Januar net besonnesch gutt. Nëmmen zäitweis ka sech mol eng méi kill Wiederlag duerchsetzen, ier se rem vu méi mëller Atlantikloft verdrängt gëtt. D’Grousswiederlag ass schon eng Zäit lang déi selwecht a wäert och viraussiichtlech an de nächste Woche net vill Ännerungen opzeweisen hunn – et ass, wéi wann d’Grousswiederlag festgefuer wier.

Grousswiederlag ännert sech viraussiichtlech net vill am Januar (GFS – wxcharts.com)

Mir hunn et meeschtens mat héijem Loftdrock iwwert dem Süde vum Kontinent ze dinn, iwwerdeems een Déif nom aneren iwwert de Norde rauscht. Mir leien ongeféier an der Mëtt vum ganze Geschéie, wat den Effekt huet, dass et zäitweis méi variabel bei eis ass – dat huet sech an de leschten Deeg z.B doduerch gewisen, dass et zäitweis richteg sonneg a frëndlech war an am nächste Moment scho rem méi ongemittlech duerch vill Wolleke, Niwwel an och Nidderschléi a Form vu liichtem Reen. En Enn vun dëser Situatioun ass net wierklech a Siicht – a bis dohi wäerten ëmmer rem fiicht, mee och mëll Loftmasse vum Atlantik op Mëtteleuropa gedroe ginn.

Totalausfall vum Wanter wierklech méiglech?

Wa mir am Januar kee richtege Wanterabroch ze gesi kréie, wéi gesäit et dann am Februar aus? Natierlech kann een dat elo nach net genee soe, well et nach vill ze vill Spillraum gëtt. Mee gleeft een de Laangzäitberechnunge vum amerikaneschen CFS- Modell, da kéint och de Februar tëscht 1 an 2 Grad ze waarm ausfalen. Dobäi sief och nach ze erwänen, dass dëse Modell fir de Wanter 2019/2020 bis ewell bal ganz richteg louch. Dëst muss elo net heeschen, dass et och fir de Februar stëmme wäert, mee eng gewëss Probabilitéit gëtt et natierlech.

De Fazit: Am Allgemengen ass aus aktueller Siicht gesi net wierklech mat engem Wanterabroch mat Zukunft ze rechnen. Dotëscht kann et awer, wéi mir et bis ewell och hate, kuerz mol zu engem Intermezzo a Form vu Frascht an de Nuechten oder eenzelne Schnéiflacke kommen. Eppes wierklech Nohalteges ass awer, wéi scho gesot, zimmlech onwahrscheinlech. Hoffe mir fir d’Wanterfans, dass sech d’Situatioun am Februar alt e bëssen ännert. Wa net dann, da wier e kompletten Ausfall vum “richtege” Wanterwieder mat Schnéi tatsächlech net auszeschléissen. Et ass einfach ze waarm bis deels vill ze waarm fir d’Joreszäit.

Och de Februar gëtt méiglecherweis ze mëll (NWS/NOAA)