Den Ausbléck: Wanterwieder kritt sech nach net ganz duerchgesat

e Schnéi ass sech, wéi erwaart, rem kuerz op Lëtzebuerg weise komm. Mee leider war och dëse klenge Wanterabroch näischt, wat sech stabil hale kann. A nächster Zäit sinn d’Temperature nach ze héich.

Wahrscheinlechkeet vu variablem Wieder klëmmt

An dëser Woch sti mir haaptsächlech bis de Freide nach ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Doduerch reent et engersäits vill manner an anerersäits ass et, wa sech de Niwwel opléist, oft schéi frëndlech a sonneg (Stëchwuert Niwwel- Lotto). D’Temperature leie bis de Freiden an de Nuechte nach an der Géigend vum Gefréierpunkt, wat sech awer duerno ännere wäert.

Wat geschitt nom Freiden? Zu 100% sëcher ass dat Ganzt natierlech nach net, well et jo nach sou wäit wech ass – allerdéngs ginn et awer däitlech Unzeechen dofir, dass mir rem ënner eng westlech Stréimung gerode kënnen. Dëst géif eis rem variabelt Wieder brénge, wouduerch et ëmmer rem zu Nidderschléi komme kann. D’Wahrscheinlechkeet vu staarkem Wand ass dann och rem present, wa net souguer d’Potenzial vu méi stiermëschem Wieder.

Zweet Dezemberhalschend besser Chancen op Wanterwieder

Sou wéi et de Moment ausgesäit, soll vum kommende Weekend un bis an déi Woch drop eran an eventuell nach méi laang ëmmer rem kill Loft an eis Géigende gelenkt ginn, déi dann awer ëmmer rem “erausgespullt” ka ginn well d’Déifdrockgebitter vum Atlantik méi mëll Mieresloft op Lëtzebuerg brénge kënnen.

Sou wéi de momentanen Trend ausgesäit, sollen d’Temperaturen an der zweeter Halschend vum Dezember rem méi déif fale kënnen an eventuell méi laang op engem wanterleche Niveau bleiwen – am Dag souwéi och an der Nuecht. Och d’Nidderschléi solle sech am grousse Ganze rem méi bemierkbar maache, wéi se et de Moment maachen. Méi dozou, wann d’Zäit et zouléisst