Den Ausbléck: Wéi et bis den 1. August mat den Temperaturen heiheem virugeet

Ëmmer erëm gëtt gefrot, ob déi immens Hëtzt aus dem Süde vun Europa och kéint bis op Lëtzebuerg kommen. An dësem Artikel sinn d’Äntferten.

Advertisement

Den Temperaturverlaf fir de Rescht vum Mount Juli

E Sonnden hate mir eis fir d’lescht méi genee den Temperaturverlaf ugekuckt – entsprécht dësen nach der Aktualitéit? Et kann ee soen, dass sech op alle Fall net vill geännert huet: D’Warscheinlechkeet fir Temperature vun 30 Grad an driwwer si fir de Rescht vum Juli zimmlech zréckgaangen.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis Enn Juli | Animatioun: wxcharts.com

Mee wéi ass et dann mat der Hëtzt iwwer Südeuropa? Firwat kënnt déi net op Lëtzebuerg? Dat aktuellt Stréimungsbild léisst et net zou, dass dës Loftmassen erop op Lëtzebuerg kommen. Iwwer Südeuropa läit e grousst Héichdrockgebitt, wat déi ganz Déifdrockaktivitéit iwwert de Norde vun Europa ëmleede léisst. Doduerch hu mir et heiheem och de Moment mam méi variable Wieder ze dinn, wat vun den Temperaturen hier och schonn bal net méi um Summerniveau ass. Een, deen et gäre waarm hätt, muss also an de Süde fléien oder fueren.

Temperaturschwankungen zu Lëtzebuerg

Dëst heescht awer elo net, dass de Rescht vum Juli kill verleeft. Heiansdo erreecht eis e Schwall u liicht méi waarme Loftmassen, ier sech dësen awer erëm séier verzitt. Och Reen soll sech méi oft drënnermëschen, mee dat ass en Thema fir eng aner Kéier.

E Méinde si Maximaltemperature bis 25/26 Grad méiglech. Bis en Donneschde géife se am Dag op tëscht 18 an 23 Grad zréckzéien, ier se e Freiden erëm op 23 bis 27 Grad solle klammen. De Weekend selwer géif erëm manner waarm verlafen. Ganz agréabel Zoustänn also fir all déi, déi déi grouss Hëtzt net verdroen.