Den Ausbléck: Wéi vill Reen kënnt an dëser Woch erof?

Zanter de leschten Deeg vum Juli konnt sech de Reen erëm däitlech méi oft bei eis weisen. Elo soll jo awer e klenge Changement ustoen, duerch den ee sech freet, wéi vill Reen dës Woch nach erofkënnt.

Advertisement

Op alle Fall manner naass

An dëser neier Woch gëtt et op alle Fall manner naass wéi an der leschter Woch oder wéi mir et wärend de leschte Juli-Deeg haten – esou ganz ouni Nidderschléi komme mir awer trotzdeem net duerch. Hei einfach mol d’Zesummefaassung vun dem, wat eis Modeller de Moment op den Dësch bréngen.

Dem amerikanesche Wiedermodell no erwaarden eis vun elo bis e Sonnden inclus tëscht 2 a 7 l/m² an der Südhallschent vum Land. Iwwert d’Mëtt esouwéi och bis an de Süde vun der Nordhallschent eran ass mat bis zu 15 l/m² ze rechnen. Am äusserste Norde vum Land soll et am meeschte reenen, tëscht 15 an 30 l/m² kënne nach erofkommen. Knapp nërdlech vu Lëtzebuerg, also op der belscher Säit, ass mat iwwer 40 l/m² nach eppes méi ze rechnen.


Vun alle Modeller ass den amerikanesche GFS am optimisteschste, wat de Reen ugeet | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Wiedermodell ass däitlech méi zréckhalend. A Richtung äusserste Norden an och Osten soll mat tëscht 5 an 8 l/m² am meeschte Reen erofkommen, iwwerdeems am Gros vum Land tëscht 3 a 5 l/m² ze erwaarde wieren. Dat mannst wier am äusserste Süden dran, dat mat grad emol ëm 2 l/m².


Den europäesche Modell, a genee esou och den däitschen, weise gréisser Ënnerscheeder | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON-EU gesäit nach net grad komplett bis e Sonndenowend, mee e rechent am Guttland mat bis ëm 4 l/m², iwwerdeems den äusserste Südosten an de Norde vum Land bis ëm 7 l/m² ze erwaarden hätten.

De Fazit

Alles an allem zeechent sech also d’Bild of, dass sech am äusserste Norden de meeschte Reen soll entlueden, iwwerdeems den äussersten Oste vum Land en zweeten “Hotspot” kéint sinn. Hotspot ass schonn bal dat falscht Wuert, well et sech dobäi awer trotzdem elo net ëm wierklech grouss Zommen handelt. Iwwert dem zentrale Land selwer an och am äusserste Süde soll am mannste Reen erofkommen, dat mat oft nëmmen tëscht 2 a 5 l/m².

Duerchschnëttlech leie mir also bei tëscht 3 a 14 l/m² déi kënnen erofkommen.

Am Verglach zu de leschten Deeg sinn dat do also keng wierklech nennenswäert Zuelen, well mir Deeg haten, un deene méi wéi 30 l/m² erofkomm waren.