Den Ausbléck: Wéi vill reent et nach bis Silvester?

Vu muer un mierke mir esou richteg, dass mir erëm ënnert enger variabler Westwiederlag leien. Dës soll fir de Rescht vum Joer bei eis bleiwen, an dohier kucke mir eis mol d'Reequantitéiten dozou un.

Advertisement

Advertisement

De Bléck op de Rescht vum Joer

Mir gerode mëttlerweil erëm ëmmer méi ënnert eng Westwiederlag, virun allem vu muer un mierke mir dat esou richteg. Ënnert enger Westwiederlag versteet een eng Wiederlag, bei där et aus westleche Richtungen ëmmer erëm zu Duerchgäng vun Déifdrockgebitter an och hire Fronte kënnt. Doduerch gëtt et automatesch e gutt Stéck méi naass an och de Wand kann eng Roll spillen. Iwwert de Wand hu mir eis an de leschten Deeg oft ënnerhalen, de leschten Update dozou fannt Dir hei.

Op Mëtteleuropa gekuckt, si virun allem iwwert der Nordhallschent vun Däitschland mee awer och am Alperaum gréisser Reenzomme méiglech. Fir de Nordweste ginn bis Silvester deels knapp iwwer 100 l/m² berechent, am Südosten d’selwecht. Mee wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Mir vergläichen d’Wiedermodeller

Mir schwätze vun engem Zäitraum, deen 11 Deeg an d’Zukunft geet. Et kann also nach zu e puer Ännerunge kommen, d’Wiederlag sollt awer déi selwecht bleiwen. Den eenzege Nodeel de Moment ass deen, dass et nach net vill Modeller ginn, déi esou wäit rechnen.


Déi aktuell Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell ass der Meenung, dass bis Silvester nach tëscht 30 a 55 l/m² Reen vum Himmel kommen. Am naasste soll et laanscht den äusserste Weste bis an den äusserste Norde ginn.


Déi aktuell Berechnung vum europäesche Wiedermodell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit nach net grad esou wäit, mir kënne grad emol bis den 30. Dezember kucken. Bis dohi gesäit dëse Modell eng änlech Verdeelung – also dass et laanscht den äusserste Westen a Norde soll am naasste ginn, iwwerdeems et am Rescht vum Land bësse manner soll reenen. Vun de Quantitéiten hier ginn tëscht 20 a 40 l/m² berechent, punktuell sinn och 60 l/m² net onméiglech.

Wa mir elo den ongeféieren Duerchschnëtt dovun huelen, da komme mir an e Beräich vun tëscht 25 a knapp 60 l/m². Dëst ass näischt aussergewéinleches fir d’Joreszäit – mee trotzdem net näischt, well et ebe just nach 11 Deeg sinn.