D’Déifdrockaktivitéit hëlt de Weekend iwwer zou, wouduerch sech schmeierwaarm Loftmasse breetmaachen. An dëse schmeierwaarme Loftmasse kënne sech Donnerwieder entwécklen, bei deene virun allem Staarkreen a gréisser Reequantitéiten am Virdergrond stoe kënnen.
Agrenzung an aktuell Ofschätzung
Iwwert déi nächst véier Deeg verdeelt kënnt et iwwer Mëtteleuropa ëmmer erëm zu Hot Spots, an deenen et zu Donnerwieder komme kann. Dës Kéier hu mir et méi mat Héichtendéif-Aktivitéit ze dinn, duerch déi virun allem de Risk vu Staarkreen mat punktuell markante Reequantitéiten an d’Luucht gedréckt gëtt. Wou genee dat wäert sinn, kann een elo awer nach net soen.
Wat een awer schonn ongeféier ofschätze kann, sinn eben déi viraussiichtlech Hot Spots fir déi nächst Deeg. Um Freide läit Lëtzebuerg an engem Beräich, wou generell mol en Donnerwieder net kann ausgeschloss ginn – Fokus: Staarkreen a spierbare Wand. D’Haaptgebitt, also do wou nach méi frequent a potenziell méi kräfteg Donnerwieder optriede kënnen, erstreckt sech vu Nordosten/Oste vu Frankräich iwwer Deeler vun der Schwäiz an Eisträich. Virun allem iwwer Baden Württemberg an och Bayern kann et punktuell méi zolitt kraachen. Et besteet haaptsächlech de Risk vu Staarkreen a gréisser Reequantitéiten a kuerzer Zäit. Punktuell kann et duerch eng méi héich zur Verfügung stoend Energie (CAPE) an och Wandscherung och mol zu Knëppelsteng bis ëm 3 cm am Duerchmiesser a Stuermstéiss kommen.
Um Samsde läit eng Déifdrockzon iwwert dem zentrale Frankräich an erstreckt sech eng Kéier vum Süden an de Norden. Am op der Kaart déck agezeechente Beräich kann et punktuell zu kräftegen Donnerwieder mat zolittem Staarkreen kommen. A kuerzer Zäit si gréisser Quantitéite net ausgeschloss, wat natierlech dann och ënner Ëmstänn zu lokalen Iwwerschwemmunge féiere kann. Zumools iwwert de méi energiegeluedene Gebitter (Nord- & Nordwestfrankräich an Deeler vu Südfrankräich) kann et och zu Donnerwieder mat gréissere Knëppelsteng a Stuermstéiss kommen. An enger gutt gescherter Ëmgéigend sinn och superzellulär Entwécklunge net ausgeschloss.
An da kënnt och schonn de Sonnden, deen an de momentane Modellkaarte gréisser Onsécherheete bréngt. D’Haaptiddi ass awer déi, dass am fréie Moien e grousst Nidderschlagsgebitt zu Lëtzebuerg ukënnt – dëst bestoend aus méi kräftege Kären a méiglechen Donnerwieder. Dës Front soll eis dann bis an de Nomëtten era begleeden, ier se un Däitschland ofgeléist gëtt. Kee Wonner, dass den een oder anere Modell och mol Dauerreen-Zenarie rechent, wéi beispillsweis den däitschen ICON. Dësem no soll et vum fréie Sonndemoien u bis an de Nomëtten era reenen, wat a Quantitéite vun tëscht 15 a punktuell 35 l/m² resultéiere kann. De franséischen ARPEGE rechent mat enger ganzer Sträif, déi sech vun der Héicht Lyon bis erop un déi lëtzebuergesch Grenz zéie kéint – mam Inhalt: markant Quantitéite vun tëscht 30 a 60 l/m² an Zäit vun e puer Stonnen. Dëst wieder onwiederaarteg, sollt et esou optrieden. Ingesamt muss de ganze Sonnden, eben duerch d’Onsécherheeten, ofgewaart ginn. Et ass awer tendenziell gesinn deen Dag, deen am warscheinlechsten am naassten ausfale kann.
Fir e Méinde stinn aus aktueller Siicht gesinn besonnesch iwwert der Osthallschent vun Däitschland e puer eenzel Donnerwieder un, déi sech awer a Grenzen hale sollten. Géinter Owend kann et eenzelne Modeller no net ausgeschloss ginn, dass en Donnerwiedersystem aus den Alpen eraus a Baden Württemberg eranzitt.