Den éischte “Modell-Schnéi”: Firwat een dësen awer nach mat Virsiicht genéisse soll

Mëttelfristeg Modellrechnunge weisen ëmt den 20. November déi éischt Schnéisignaler fir Lëtzebuerg. Nach ass et als Wanterfrënd awer net un der Zäit, sech ze freeën.

Advertisement

Kalendaresch a Richtung Wanter, och meteorologesch?

Nach 22 Deeg, dann hu mir schonn meteorologesche Wanter! D’Fro, wéini mir dann den éischte Schnéi ze gesi kréien, daucht also elo ëmmer méi oft op. An zanter e puer Deeg ass et och esouwäit: D’Wiedermodeller weisen den éischte Schnéi! Nach sollt een dat awer mat Virsiicht genéissen, well nach e Koup Faktore matspillen, déi dat ännere kënnen.


Spekulativ Modellrechnunge weisen déi éischt Versich fir Abréch vu polare Loftmassen | Grafik: wxcharts.com

Dësen Artikel ass eng Ergänzung zu dem vu gëschter, an dem mir driwwer geschwat hunn, dass déi laang Héichdrockphas vun de Moment wuel geschwënn op en Enn geet – an eventuell och an déi wanterlech Richtung ofdrifte kéint.

Sougenannte “Modell-Schnéi”

Wann an engem Zäitraum, deen bis wäit an d’Mëttelfrist erageet, Schnéi berechent gëtt, da nennen ech dat gäre mol “Modell-Schnéi”. Heiansdo ass e nämlech nom nächste Modell-Update erëm do, heiansdo awer och mol erëm komplett fort well erëm eppes anescht berechent gëtt. Wat awer aktuell der Tatsaach entsprécht ass, dass den europäeschen esouwéi och amerikanesche Modell tatsächlech ëmmer erëm Léisunge parat hunn, déi eis iergendwou tëscht dem 17. an dem 22. November déi éischt Flacken op Lëtzebuerg géife bréngen.


Eng spekulativ Berechnung vum europäesche Modell, déi eenzel Flacke net wëll ausschléissen | Animatioun: wxcharts.com

De frëschen europäesche Modell vun de Moie simuléiert, dass eis d’nächst Woch e Sonnden eng Kalfront soll passéieren, hannert där Loftmasse vu polarem Uersprong géifen eragezu kommen. Duerch dës Mëschung aus killen an och fiichte Loftmasse géif d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacken däitlech an d’Luucht gedréckt ginn. Den amerikanesche Wiedermodell GFS hat an der Berechnung vu gëschter Owend e ganz änlechen Zenario dran, deen de Moien awer erëm liicht reduzéiert gouf. Dëse Modell gesäit, dass no dësem éischte wanterleche Versuch erëm ze mëll Loftmasse kéinten opkommen, déi also kee nohaltege Wanterabroch géifen zouloossen.

Aus de leschte Joren huele mir mat, dass et souwisou a Saache nohaltegem Wanterabroch ëmmer schwiereg ass, genee esou eng Wiederlag ze kréien – zumools an Zäiten, wou et däitlech manner schneit wéi nach viru 15 Joer.

De Fazit

Jo, aktuell gesäit et esou aus, wéi wann d’Warscheinlechkeet fir déi éischt Flacke vum 17. November un kuerzzäiteg liicht erhéicht wieren. Nach steet dat Ganzt awer op wackelege Been an et ass staark a Fro ze stellen, ob dat dann schonn e richtege Wanterabroch wier oder just e ganz kuerze Bonjour, ier et erëm ze mëll dofir gëtt – falls d’Konstellatioun dann iwwerhaapt esou zesummekënnt.