Den éischte Schnéi ass ënnerwee! Wiederhiweiser sinn aktiv

Zanter de Moie fréi kënnt et op de Koppen zu den éischte Schnéiflacken, e Flom/eng dënn Couche ass net ausgeschloss. An Tëschenzäit hu se sech och méi wäit an de Süde verlagert. Et si Wiederhiweiser aktiv.

Kill Loftmasse maache sech breet

An de leschte Stonnen hu sech wéi virausgesot kill Loftmassen iwwert eise Käpp breetgemaach. Duerch dës an och e klengt Déif kënnt et elo duerch dës Kombinatioun zu den éischte Schnéischauere vum meteorologesche Wanter 2022/2023. Besonnesch betraff sinn aktuell d’Koppen op iwwer 400 bis 500 Meter, wou et sech plazeweis schonn net méi ëm Schnéireen mee liichte Schnéifall handelt. A Richtung däitsdch Äifel fänkt de Schnéi esouguer schonn un, leien ze bleiwen.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Temperaturen an de nächste Stonne nach e Stéck zréck, soudass mir et dann op den allermeeschte Plaze mat Temperature vun ëmt de Gefréierpunkt ze dinn hunn. D’Schnéischaueren aus dem Norde kënne sech sou also och méi wäit an de Süden erofschaffen, respektiv op Géigenden, déi net esou héich leien.

Fir d’Koppen am Norde bedeit dat, dass et esouguer zu engem dënne Flom oder och zu enger dënner Schnéicouche komme kann – bis ëm 2 cm sinn an enger éischter Phas net ganz ausgeschloss. Trotzdeem sollt ee sech vun dësem éischte wanterleche Bonjour net all ze vill erhoffen, dat aus der Siicht vun engem Schnéifan.

Glat Stroosse méiglech, dat bis an de Samsden eran

Egal ob Schnéi oder net, duerch Nätzt déi fréiert besteet bis muer an de Virmëtten eran de Risk vu glate Stroossen. Et ass also héich Zäit elo fir Wanterpneuen.